No Rapport vun dräi ExpertenSuspensioun vum Dr. Philippe Wilmes gëtt ëm 21 Méint verlängert

RTL Lëtzebuerg
Dat deelt de Gesondheetsministère an engem Schreiwes mat, ouni awer den Numm vum Dokter ze nennen.
Den Dr. Philippe Wilmes am Journal op der Tëlee.
© RTL Lëtzebuerg

En orthopedesche Chirurg bleift fir weider 21 Méint suspendéiert. Dat gëtt um Dënschdeg de Moien an engem Schreiwes aus dem Santés-Ministère confirméiert, ouni dass awer den Numm vum Dokter genannt gëtt. Et dierft sech heibäi awer ëm den Dr. Philippe Wilmes handelen. Et ass weiderhin eng provisoresch Suspensioun, déi reng fir chirurgesch Agrëffer gëllt.

Hannergrond ass e Rapport vun dräi Experten, déi an hirer Analys vun zéng konkrete Fäll zu der unanimmer Conclusioun koumen, dass den Dr. Wilmes net justifiéiert Agrëffer virgeholl hätt.

D'Decisioun fir also d'Operatiounsverbuet géint de viséierten Dokter ze verlängeren, wier eng Mesure, fir d'Protektioun vun der santé publique ze garantéieren, wärend deem d'Instruktiounsprozedur vum Collège médical weiderleeft, heescht et am Schreiwes.


Back to Top
CIM LOGO