
E Méindeg um 22.30 Auer gouf et e Groussasaz vun de Pompjeeën, well et um Bouferterhaff gebrannt hat.
Pompjeeën aus net manner wéi aacht Zentere waren an den Asaz geruff ginn, dëst vu Bartreng, aus der Stad, Dippech, Diddeleng, Mamer, Stengefort, Käerjeng a vu Koler. Dobäi koumen nach eng Ambulanz vun Diddeleng, de Groupe de sauvetage animalier GSAN, de Groupe d'appui technologique opérationnel GATO, an de GCBRN, deen an den Asaz kënnt, wann et zum Beispill chemesch Gefore ginn oder biologesch Risken.
Gebrannt hat en Openthaltsraum vum Stall, krute mer op Nofro hi vum CGDIS confirméiert.
Déi séier Interventioun vun de Pompjeeën hätt et erméiglecht de Schued op d'Struktur an op en Deel vum Daach ze limitéieren.
Well eng Ausbreedungsgefor duerch d'Feier bestanen huet, an eventuell och Déieren impaktéiert gewiescht wären, gouf e gréisseren Dispositif mobiliséiert, eben och de Groupe de sauvetage animalier.
Et gouf keng Persoun verwonnt.
Méi fréi, géint 17.45 Auer gouf et e Vegetatiounsbrand zu Réimech an der Rue des Prés. Hei waren d'Pompjeeë vu Réimech a Schengen am Asaz.