D'Hausse vun de Pëtrolspräisser wier definitiv e Problem fir all Secteur. Mee natierlech ass den Impakt virun allem fir den Transport ganz direkt. Eréischt méi spéit géife sech d'Präisser dann och an de Servicer oder am Commerce reperkutéieren. Dat sot d'Carole Muller en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Presidentin vun der Luxembourg Confederation fënnt, dass d'Lëtzebuerger Politik elo och misst reagéieren, fir e Kader ze schafen, nodeems souwuel Däitschland, wéi och Frankräich scho Mesurë geholl hunn, fir hir Betriber z'ënnerstëtzen. Et wier een europäesche Kader gesat ginn, an Däitschland hätt zum Beispill decidéiert, fir jiddereen ze ënnerstëtzen an de Kader maximal auszenotzen. Natierlech hätt een och scho Kontakt opgeholl mam Wirtschaftsministère. An et wéisst een, dass si dru schaffen, mee et géing een hoffen, dass et elo séier geet, well de Problem wier elo do, an net eréischt an e puer Méint.
D'Betriber kéinte sech net vill op dës Haussë preparéieren. Stockéiere kéint een zwar bei verschidde Matières premièren, mee dacks géing ee souwisou à long terme kafen. Wichteg wier elo, dass d'Betriber vun Ufank u kucken, fir d'Haussen an hir Käschten mat anzemëschen. Doduerch géingen natierlech d'Margen erofgoen, mee no enger gewëssener Zäit, hätt een als Betrib keng aner Méiglechkeet, wéi d'Haussë vun de Käschten och un de Client weiderzeginn. Vill Betriber wieren zwar och schonn an der Energietransitioun dran, mee dat géing net heeschen, dass se net nach ganz vill vun de Pëtrolspräisser ofhänken.
Vill Suerge maachen iwwerdeems d'Faillitten. An zwar net wéinst den Zuelen, déi wieren nämlech, wann een op e ganzt Joer kuckt, éischter réckleefeg. 2021 goufen et 242 Faillitten an 2025 93 Faillitten, preziséiert d'Carole Muller. Méi problematesch wier, dass et grouss Betriber sinn, déi hir Dieren zoumaachen. Tëscht 2019 an 2021 hätt een 1.000 Plaze verluer pro Joer. Mee an de leschten zwee Joer hätt een op d'mannst 3.000 Plaze pro Joer verluer.
"An dat soll am Fong méi eng Zuel sinn, déi eis Angscht mécht a wou mer mussen drop kucken, wéi onbedéngt d'Unzuel vu Faillitten."
Et wiere virop Betriber am Bausecteur, déi hir Dieren zougemaach hunn. Dat léich méi u strukturelle Problemer am Logement, wéi Problemer an der Ekonomie. Zanter der Covidkris géing manner gebaut ginn, mee wann et elo Muer nees géing unzéien, dann hätt een e Problem, well et einfach u Leit feelt. Och hei wier d'Politik gefuerdert, sou d'Invitée.
D'Carole Muller ass och Generaldirektesch vu Fischer an vun nächstem Joer u vun Panelux. Wa si fir hir Betriber kuckt, da géing mat engem Index am Juni plus enger Hausse vum Mindestloun vun 3,8 Prozent, wéi se den Ament um Dësch läit, da wier dat esou, wéi wa si einfach vu Januar 2027 un 38 Leit méi am Betrib hätt, déi si misst bezuelen. Aktuell hätt si e bësse méi wéi 1.000 Leit. Dat wiere bal véier Prozent. Dat hätt een Impakt op de Betrib, däers misst ee sech bewosst ginn. D'Generaldirektesch vu Fischer fäert, dass vill kleng Betriber dat net kéinte stemmen an definitiv hir Präisser wäerte mussen erhéijen, fir kënne rentabel ze bleiwen. Och dofir wier et elo einfach wichteg, dass all Mënsch um Sozialdialog Deel hëlt, fir dass e ka fonctionéieren.
"Komm mir sëtzen eis erëm un den Dësch, mir mussen erëm matenee schwätzen", egal ob mat enger Tripartite oder net.
Zanter 2020 ginn et 14 Prozent manner Leit, déi am Bäcker-Secteur schaffen. Dat léicht dorun, dass ee sech ebe misst un d'Gewunnechte vun de Leit upassen. De Client kéint eben haut seng Baguette net méi just beim Bäcker kafen, mee och am Supermarché oder op der Tankstell.
"An ech mengen doduerch, well en da vläicht gären op eng Plaz geet, wou en alles keeft, geet do éischter d'Zuel vun de Venten erop an da sinn natierlech manner kleng Bäckereien do." Konkurrenz wier awer gutt fir d'Geschäft an dofir wier et och wichteg, dass déi kleng Bäckereien, Metzleren a Caféen net verschwannen, mee am Stadzentrum erhale bleiwen. Dat wier awer och de Client, deen dat decidéiert.
Problematesch bleift et iwwerdeems, fir qualifizéiert Leit ze fannen. An der Vente hätt ee keng Problemer, mee wann ee spezifesch Bäckeren, Patissieren oder an der Technik Leit sicht, da géing et scho méi schwéier ginn, sou d'Carole Muller.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.