Iechternacher Gemengerot gëtt gréng LuuchtMëtt nächst Joer soll de Shopping Outlet ulafen

Marc Hoscheid
D'Gemeng lount Geschäftssurfacen, fir se u Marken aus de Beräicher Outdoor a Sport weiderzeverlounen.
© Marc Hoscheid

Zanter enger Partie Jore gëtt zu Iechternach iwwert d’Iddi vun engem Shopping Outlet diskutéiert. D’Gemeng wëllt virop am Zentrum vun der Uertschaft Surfacë lounen, déi aktuell eidel stinn, fir dës spéider u Marken aus de Beräicher Outdoor a Sport weiderzeverlounen. Um Méindeg huet de Gemengerot een éischte konkrete Schrëtt gemaach, andeems e siwe Contrats de bail ugeholl huet.

D’Kontrakter lafe vum 1. Mäerz respektiv 1. Abrëll dëst Joer bis den 29. Februar 2028. Dës Zäit ass jeeweils an zwou Phasen opgedeelt, bis Juni 2027 bezilt d’Gemeng ee méi nidderege Loyer, well an där Zäit u PopUp-Storë verlount soll ginn, dono gëtt den normale Marchéspräis bezuelt, well dann eng Mark vum Shopping Outlet eraplënnere soll. De Präis pro Metercarré gouf awer mat all Proprietär eenzel verhandelt. Sou läit de Loyer bei engem Geschäft vun 250 Metercarré op der Place du marché an der éischter Phase bei 3.000 an an der zweeter Phase bei 5.000 Euro. Bei engem Geschäft vun 100 Metercarré an der Rue de la gare muss an der éischter Phase guer kee Loyer bezuelt ginn, an der zweeter Phase dann 2.150 Euro.

Zanter datt vum Shopping Outlet geschwat gëtt, gesinn déi Gréng de Projet skeptesch. Sou wier d’Gemeng duerch déi proposéiert Kontrakter net gutt genuch ofgeséchert, huet de Christophe Origer gemengt.

“Dat heescht fir déi zweet Period vun néng Méint, wou et eis och net gestattet ass, laut deem Kontrakt, dee mer hei gemaach hunn, fir ee PopUp dran ze hunn, wa mer da keng Outlet-Mark dran hunn, da sëtze mir jo eleng op deene Loyeren, oder?”

D’Buergermeeschtesch Carole Hartmann sot dozou:

“Wa mir iwwert den Datum vum Juni 2027 nach net à même sinn, fir een Outlet-Geschäft an där dote Surface dran ze hunn, dann droe mir, an dat ass richteg, de Risiko dovunner, datt mer da scho méi een héije Loyer bezuelen a potenziell nach keen anert Geschäft dran hunn. Mee dat ass de Risiko, dee mir politesch decidéiert hunn, anzegoen.”

D’DP-Politikerin huet awer gläichzäiteg ënnerstrach, datt een d’Méiglechkeet hätt, och iwwert de Juni 2027 eraus u PopUp-Storen ze verlounen. Op dem Christophe Origer säin Awand hin, dat géingen d’Kontrakter, sou wéi se formuléiert sinn, net hier ginn, huet d’Carole Hartmann entgéint, dat wier eng falsch Interpretatioun. Et géing just dorëm goen, datt d’Gemeng an där Zäit, wou si d’Geschäfter fir de méi niddrege Präis lount, dës net méi deier weiderverlount. Um Enn goufen déi siwe Kontrakter mat den néng Stëmme vun der DP-LSAP-Koalitioun an der CSV géint déi zwou Stëmme vun deene Gréngen ugeholl.

Spéider goufen dann och déi éischt dräi Contrats de sous-location mat PopUp-Storen ugeholl, déi Kéier unanime. D’Kontrakter hunn alleguer eng Lafzäit vu 4 Méint an de Loyer läit bei 560 bis 595 Euro.

Back to Top
CIM LOGO