Zanter deem hie seng Pensioun kritt huet, schafft de Medezinner benevole bei Médecins du Monde. Zanter engem Joer ass hie President vun der Associatioun.

Mat 4.515 Stëmme gouf hien als Lëtzebuerger vum Joer 2022 gewielt: Den Dr. Bernard Thill, e gebiertege Schëfflenger, deen zanter 2017 krank Leit betreit, déi keng Krankeversécherung hunn, dacks op der Strooss schlofen oder soss a prekäre Verhältnisser liewen. A senger aktiver Karriär als Dokter huet hie virun allem Onkologie-Patiente betreit. Ma virun allem am Beräich vu de Soins Palliatives huet hie sech agesat. Am Portrait vum Bern, sou gëtt hie vu Kolleegen, Famill a Frënn genannt, stelle mir Iech den Dokter vir.