Microsoft setzt weider op kënstlech Intelligenz a wëll dowéinst weider Milliarden an "OpenAI", den Entwéckler vun ChatGPT investéieren.

Dat huet de CEO vu Microsoft Satya Nadella an engem Blog-Post geschriwwen, deen hien och op Twitter gedeelt huet. Deemno wéilt Microsoft laangfristeg an "OpenAI" investéieren an op dës Manéier dofir suergen, dass de Startup esou séier ewéi méiglech de kommerziellen Duerchbroch packt.

Et wéilt een "OpenAI" déi bescht Moyennen zur Verfügung stellen, fir "ChatGPT" esou ze gestallten, dass d'Leit déi kënschtlech Intelligenz sécher a verantwortungsbewosst notze kënnen.

Virun 2 Woche war scho bekannt ginn, dass Microsoft "ChatGPT" a seng Sichmaschinn "Bing" integréiere wéilt.