Am Live! Planet People geet et dës Kéier ëm düster Musek, Schauspillerei an iwwer d'Jugend an den SNJ.
D'Priscila da Costa huet nei Musek vun der Ptolemea Band am Gepäck. 2023 gëtt dofir e ganz besonnescht Joer fir d'Sängerin, Songwriterin a Vocal coach. Den 21. Januar war d'Release vun hirem neien Album "Balanced darkness", an den Numm beschreift hir Musek ganz gutt. Düster Téin, déi awer och Hoffnung maachen. 2018 koum déi éischt EP "Tome I" a vun 2020 un koum all Joer op d'mannst een neit Lidd derbäi. Zum Repertoire vun der Band gehéiere "Mad", "Wrong Tears", "Inspiration", "Fado" an um Album fënnt een zum Deel elo all dës Lidder nieft dem "Shamanic Lullaby".

De Jan Josef Liefers liest nächste Freideg am Cube zu Maarnech. Den Acteur, deen och schonn 1997 mam Andy Bausch an Thierry van Werveke an "Knockin' on Heaven's Door" nieft dem Til Schweiger ze gesi war, an haut mam Tatort vu Münster als Prof. Karl-Friedrich Boerne Sonndes wäit iwwer 10 Millioune Leit virun d'Televisioun lackelt, kënnt den 10. Februar an de Cube a liest aus dem Juli Zeh hirem Roman "Über Menschen". De Jan Josef Liefers ass awer vill méi wéi just en Acteur. Hien ass och Regisseur a Museker a spillt a villen interessante Filmer an TV-Produktiounen mat, awer hien ass ëmmer nees frou, och de Leit méi no ze kommen, sief et duerch seng Band "Radio Doria" oder bei Liesungen, wéi déi vun e Freideg am Cube.

D'Sarah Melmer schafft beim SNJ a sicht "Animateurs spécialisés". De Service National de la Jeunesse ass bekannt duerch seng Campen a Colonien am In- an Ausland, an huet 5 Jugendzentren zu Lëtzebuerg, wou vill pedagogesch Aktivitéite fir Schoulklassen a Jugendgruppen an de Beräicher Sport, Natur, Kreativitéit, Medien, Team Building a Mënscherechter organiséiert ginn. Dës Aktivitéite gi vun "Animateurs spécialisés" encadréiert, déi eng eege Formatioun kréien. Haaptkonditioun: Et muss een 18 Joer hunn, de Casier muss propper sinn, donieft brauch een en Éischt-Hëllef-Schain. Also de perfekten Job fir jonk Leit no der Schoul, souzesoen als Tëschestatioun.
