De Fitness doheem war zanter Corona een absolutten Trend. Antëscht huet sech dat awer nees geännert.

Mir hu mat engem Personal Trainer geschwat, dee wéinst Covid huet missen op online wiesselen. Deen Ament konnt hien erëm méi mat de Leit aktiv trainéieren a genee deen Ëmschwong huet och een neie Fitnesstrend mat sech bruecht. Niewent dem Personal Training ware jo och Fitnessstudioen opgrond vun der Pandemie zou. Domadder huet de Fitness misse bei een Heem kommen.

Dee Fitness-Boom, bei deem d'Leit sech méi Sportsapparater besuergt hunn, hunn och Sportsgeschäfter gespuert. Do gesinn d'Zuele elo nees anescht aus, wéi nach virun e puer Joer. Op den éischte Bléck schéngt de Fitness doheem einfach, ma op den zweete Bléck kann ee sech och séier wéi doen. Mir hu bei engem Kiné nogefrot, wéi eng déi heefegst Verletzunge sinn an ob wat ee bei den Übungen bei sech doheem oppasse muss.