Am neiste Guide Michelin kritt de Restaurant "Eden Rose" ee Michelin-Stär. De "Bib Gourmand" geet nei un de "Bazaar".

E Méindeg huet Michelin d'Selektioun vun dësem Joer fir de Guide Michelin Belsch a Lëtzebuerg virgestallt. 2023 ginn 816 Etablissementer recommandéiert, ënnert deenen 149 Stäre-Restauranten an 147 Bib-Gourmand-Restaurante sinn.

D'belsch Restauranten "Zilte" vun Antwerpen, "Hof van Cleve" vu Kruishoutem a "Boury" vu Roeselare halen hir dräi Stären.

22 Restaurante goufen 2023 nei mam "Bib Gourmand" ausgezeechent, dee fir e gutt Präis/Leeschtungs-Verhältnis steet. Zu Lëtzebuerg gouf nëmmen ee Restaurant mam "Bib Gourmand" ausgezeechent an zwar de "Bazaar" an der Stad*, deen dëst Joer nei derbäi ass. An der Belsch kruten ënnert anerem de "Le Cabochon" zu Léck, den "Selecto" zu Bréissel, den "Durbuy Ô" zu Durbuy an den "L'espièglerie" zu Namur dës Auszeechnung.

De "Ma Langue Sourit" vun Éiter behält och dëst Joer weiderhi seng zwee Stären. Nei ënnert den Zwee-Stäre-Restauranten ass dann nach den "Bozar" vu Bréissel.

De "Grénge Stär", dee Michelin zanter 2020 vergëtt, geet dëst Joer ënnert anerem un den "Instroom" zu Antwerpen, den "La Grappe d'Or" zu Autelbas, den "Barge" zu Bréissel.

De Präis vun de jonke Käch geet dëst Joer un de Mathieu Vande Velde mat sengem Restaurant "Le Roannay" zu Francorchamps.

Ganzer 15 Restauranten aus der Belsch dierfe sech op ee Stär freeën. Nieft dem Restaurant "Willem Hiele" zu Oudenbrug goufen och den "Table d'Amis" zu Krotrijk an den "Misera" zu Antwerpen mat engem Stär ausgezeechent. De "Barge" vu Bréissel an den "La Grappe d'Or" vun Autelbas goufen nieft dem "Grénge Stär" och als Ee-Stäre-Restaurant ausgezeechent. Och d'"La Table de Manon" zu Grandhan ka sech elo zu den Ee-Stäre-Restauranten an der Belsch zielen, grad ewéi de "Sensum" zu Sint-Denijs-Westrem, den "Le Grand Verre" zu Durbuy, de "La Grange d'Hamois" zu Emptinne an den "Humus X Hortense" zu Ixelles.

Am Grand-Duché dierf sech den "Eden Rose" zu Keel iwwert ee Stär freeën. D'Restauranten "La Distillerie" vu Buerglënster, de "Léa Linster" vu Fréiseng, de "Mosconi" aus der Stad, grad ewéi den "Ryodo" aus der Stad an den "La Villa de Camille et Julien" behalen hire Stär. Och den "Fani" vu Réiser an den "Guillou Campagne" vu Schuller bleiwen Ee-Stäre-Restauranten am Grand-Duché.

Vun de Lëtzebuerger Etablissementer huet keent e Stär verluer. An der Belsch ass den "Hostellerie Le Fox" zu De Panne vun zwee Stären op een erofgeklommen.

*An enger éischter Meldung hate mir gemellt, datt de "Bazaar" e "Grénge Stär" kritt hätt, de Restaurant aus der Stad gouf allerdéngs mam "Bib Gourmand" ausgezeechent.

"Eden Rose" zu Keel

Valerian Prade & Caroline Esch, Cheffe vum Mount September
De Valerian Prade an d'Caroline Esch, d'Cheffe vum Restaurant "Eden Rose" vu Kayl, proposéieren Iech een Tiermchen aus gëllenen Äppel fir doheem no ze kachen!