De leschten Optrëtt vum Käpt'n Ändä a Matrous K1000
No 16 Joer, 13 CDen a sëllegen Optrëtter sinn de Käpt'n Ändä a säi Matrous K1000 e Sonndeg eng lescht Kéier op der Kavalkad zu Péiteng opgetrueden.
"Lo geet et lass, d'Hänn an den Himmel" - dat ass ee vun de villen Hits, déi de Käpt'n Ändä a säi Matrous K1000 déi lescht Joren op sëllege Fester uechtert d'Land an doriwwer eraus gesongen hunn. Op der Päischtcroisière ware si doheem a genee do ass och 2006 d'Iddi vun engem Kapitän an engem Matrous entstanen. 2007 ass et du lassgaangen.
Elo ass no 16 Joer awer Schluss. E Sonndeg den Owend, haten d'Stëmmungskanounen op der Péitenger Kavalkad hiren allerleschten Optrëtt an hunn hire Fans Äddi gesot. Mat dobäi nach emol déi ganz Formatioun ronderëm den André Weber an de Camille Ney. Dat waren d'Sängerinne Lisa Mariotto, d'Sandy Botsch an natierlech och d'Hüetten.
Et war keng einfach Decisioun, mee d'Ekipp huet elo fonnt, no 13 CD'e wier de richtegen Zäitpunkt fir opzehalen. Mam KaGePe (Karneval Gemeng Péiteng) hate si ëmmer eng ganz gutt Relatioun an hunn d'Fuesent an der Südgemeng Joer fir Joer begleet. Sief dat op de sëllege Kapesëtzungen oder Fuesbaler an dofir wollten si hire Final Countdown och do hunn.
Op der 66. Kavalkad zu Péiteng hate si also den 19. Mäerz hire leschten Optrëtt an eng RTL-Ekipp war mat dobäi.