Op dëser Soirée, déi all Joer an der Hal Frounert zu Biissen organiséiert gëtt, ginn déi offiziell Videoclippe vun allen ESC-Kandidate virgestallt.

Dës Eurovision Preview Night wäert dann och ganz am Zeeche vun der Ukrain stoen. D'Entrée ass gratis an den Erléis vum Owend, also vun der Bar gëtt un LUkraine asbl gespent.

Den Event selwer ass Freides den 21. Abrëll um 19 Auer, dat an der Hal Frounert zu Biissen. Present ass och eng Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun, dat well den Event ënnert dësem Patronage steet. An deem Kader gëtt och eng Ried vum Anne Calteux gehalen.

Ënnert de Leit wäert och de Ricardo Vieira an d'Marion Welter present sinn, déi 1992 d'Vertrieder fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest waren.