A senger Autobiographie "Spare" verréit de Prënz Harry sou munch prekären Detail. Ma vereenzelt Informatiounen hätt hie besser gehat, fir sech ze behalen.

De jéngste Fils vum Kinnek Charles III. ass bekannt als "enfant terrible" um britteschen Haff. Et kann ee soen, hien huet quasi keng Jugendsënn ausgelooss an huet dat och a senger Autobiographie net verheemlecht.

Ma de Contenue vu senge Memoirë kéint him a senger neier Wal-Heemecht zum Verhängnes ginn. De brittesche Royal huet sech jo mat senger Fra Meghan Markle am kalifornesche Montecito en neit Liewen opgebaut, mat sengem eegene klengen Imperium.

Ma riskéiert de Prënz elo d'Expulsioun aus den USA?

Déi perséinlech Liewensgeschicht erweist sech deemno wéi elo als fatalen Denkfeeler. Am Buch geet nieft massiver Kritik um brittesche Kinnekshaus nämlech Rieds iwwert dem Prënz seng Erfarunge mat Drogen. Ënner anerem soll hien am Teenageralter Kokain, Marihuana an Halluzinogene konsuméiert hunn. Leschtgenannte Substanzen hätten hie souguer bis an den Erwuessenenalter begleet.

Vläicht iwwerrascht dës Anekdot manner de Lieser oder Royals-Experten, ma et dierft wuel awer d'US-Autoritéiten iwwerraschen. Drogekonsum ass an Amerika nach ëmmer e Grond, keng sougenannten "Green Card" ze kréien oder, wéi an dësem Fall, net verlängert ze kréien. Et ass zwar net gewosst, wéi eng Areeserlabnis de brittesche Prënz genee huet, ma et kéint sech ganz warscheinlech iwwer e Visa fir bestuete Koppelen oder e sougenannten O-1-Visum handelen. An dee muss all dräi Joer erneiert ginn.

D'Fro, déi sech elo stellt, huet de Prënz bei der Ufro 2020 gelunn?

Wa jo a wann et tatsächlech en O-1-Visa ass, kéint eng Erneierung deemno wéi refuséiert ginn. Mat sengem royale Status wier him an den USA theoretesch gesinn net gehollef, och wann de berüümten Hannergrond sécherlech dobäi kéint hëllefen, dass een et mat der Iwwerpréiwung net sou ganz genee hëlt.

Wéi "Daily Mail" nach gemellt hat, géif de Prënz Harry op jiddwerfalls kämpfen, dass seng Demande fir en US-Visum geheim gehale gëtt, nodeems Aktivisten eng Verëffentlechung gefuerdert haten. Beamten zu Washington hu bis elo refuséiert, Detailer public ze maachen a bezéie sech op d'Anhale vun der Privatsphär.

Affaire à suivre....