Sue verdéngen op der Plattform "OnlyFans"
Eng Studentin zielt eis iwwert hire Business op OnlyFans a wei een domadder e puer dausend Euro de Mount verdénge kann.
OnlyFans gouf 2016 gegrënnt a gehéiert zu de finanziell erfollegräichsten Tech-Start-uppen aus de leschte Joren. Elleng 2021 hunn Notzer, 4,8 Milliarden Euro op der Plattform ausginn, fir Contenu ze gesinn.
Och wann dat Uganks net d’Iddi war, fënnt een haut virun allem sexuell explizitt Material op dësem Site, fir deen ee muss bezuelen. An der Reegel funktionéiert et sou, datt ee sech en Abonement keeft an da kann een d’Fotoe vun dem jeeweilegen Account gesinn. Wëll een dann awer méi gesinn oder op exklusive Contenu Accès kréien, da muss een erëm bezuelen. OnlyFans selwer behält pro Transaktioun 20 Prozent.
De Masterpsycholog Igor Loran vu BeeSecure warnt awer virun der Plattform a betount, datt et en immens onbestännege Marché ass. Wann een haut domadder vill Sue verdéngt, kann dat muer schonn nees anescht sinn. D’lescht Joer huet d’Annonce, datt een an Zukunft kee pornographesche Contenue méi kann online setzen, vill Kreateuren entsat. Munch OnylFans-Staren haten Existenzängscht gehat an no massive Protester huet OnlyFans dës Decisioun dunn zeréck gezunn.

Den Igor Loran betount och, datt den Dateschutz e grousse Problem ass an ëmmer nees kënnt et vir, datt intiimt Material duerno am Netz zirkuléiert. Et sollt een dorobber oppassen a sech bewosst sinn, datt wann ee sexuell explizitte Contenu online setzt, dat och Konsequenze fir engem seng Zukunft kann hunn.
Ma och ëmmer méi jonk Leit notzen OnlyFans, poste Fotoen a Videoe vu sech, fir domadder e klengt Täschegeld ze verdéngen. Am Reportage léiere mir eng 21 Joer al Studentin kennen, se verdéngt puer dausend Euro de Mount mat OnlyFans. Ënnert dem Numm "Dei Gaus" fënnt een se um Internetsite an et muss een eng 15 Dollar de Mount bezuelen. Fir méi exklusive Contenuen a fir privat mat der Studentin kënnen ze chatten, bezilt ee Supplement.

Sie wier nach ëmmer eng richteg oppe Persoun gewiescht an hier géing et näischt ausmaachen, datt friem Leit hiere Kierper kéinte gesinn. Dës weidere betount si am RTL-Interview, datt si ni eppes géing maachen, woufir si sech schummt. D'Studentin finanzéiert sech duerch dëse Revenu, vun an der Moyenne 4.000 Euro, hiert Studenteliewen a reest ronderëm déi ganz Welt.