Den Éisleker Touristebüro an de Parc Naturel de la Haute-Sûre wëllen heimat d'Geschicht vun der Groussregioun ervirhiewen an d'Thema Krich opgräifen.

2016 huet den Éisleker Touristebüro an den Naturpark Haute-Sûre de Projet "Land of Memory" gestart. D'Iddi war et, 15 Partner aus der Groussregioun zesummenzebréngen, déi sech mat sougenanntem "tourisme de mémoire" auserneesetzen. Esou nennt een d'Form vun Tourismus, bei där d'Geschicht vun enger Regioun oder Stad am Fokus steet. Mat dobäi waren zum Beispill, Verdun a Baaschtnech.

Zil war et, déi Regiounen nach méi ze valoriséieren a se dem Public op eng flott Aart a Weis virzestellen. Dofir hu si dunn tëschent 2016 an 2022 verschidde Konzepter ausgeschafft, ënnert anerem d'Gesellschaftsspill "Before the war".

Wärend dem Spill vertrëtt all Spiller ee Land an huet, baséierend dorop, eng aner politesch Astellung, Ressourcen an ënnerschiddlech Ziler. Fir déi Ziler z'erreechen an e Krich z'evitéieren, muss een da mat deenen anere Spiller, respektiv Länner negociéieren.

D'Spill gouf vun der "société N-zone" ausgeschafft an ass op Däitsch, Englesch a Franséisch ze kréien. Prioritéit wier et fir den Ament, d'Spill ënnert déi Jonk a Schüler ze kréien, dofir gi Spillowenter organiséiert fir Léierpersonal, Pedagogen, Animateuren an Educateuren d'Spill virzestellen. Des weideren hunn awer och verschidde Ludothèquen, kulturell Strukturen, Gesellschaftsspill-Clibb an Associatiounen d'Spill schonn an hirem Repertoire.

Méi Informatiounen zum Spill "Before the war" ginn um Internetsite vu "Land of Memory".