Am Live! Planet People goung et ëm de Carbage Run, d'Suite vun enger Renndynastie an een diploméierte Béiersommelier.

De Mike Kettmann sëtzt gär hannert sengem Schrottauto a fiert reegelméisseg beim 'Carbage Run' mat. Et geet drëms, fir mat engem Auto, deen am Wäert net iwwer 500 Euro kënnt, ganz vun A op B ze kommen. Gefuer gëtt iwwer normal Stroossen, ënnerwee muss een Aufgaben léisen a Punkte sammelen. D'Iddi koum 2009 an Holland op an zanterhier gouf et 30 Editiounen duerch 30 Länner. Well de Sport ëmmer méi bekannt ginn ass, gouf et 2017 déi éischt däitsch Editioun an zanterhier steet de Mike Kettmann ëmmer nees am Summer oder Wanter mat um Depart. Hien ass domadder deen eenzegen aus dem Land bei engem 'Carbage Run" bis op eng Ausnam 2018, wou hien Konkurrenz vun engem Landsmann hat.  www.carbagerun.de

RTL


D'Lea Mauer ass privat a berufflech mam Gary Hauser verbonnen an allebéid weise si vill Gefill mat der Gaspedal. D'Léift zum Rennsport koum fir d'Lea eréischt wéi déi Zwee sech kennegeléiert hunn. Wéi Nout um Mann war, huet et déi éischt virsiichteg Schrëtt am Rennsport gemaach, an elo deelen déi Zwee och heiansdo e Cockpit mateneen. D'Faszinatioun, déi vun der Renndynastie ausgeet, ass iwwergesprong. De Christian Hauser huet 2000 als Teammanager a Proprietär d'Racing Experience opgebaut an no de Filsen David a Gary huet och elo d'Schnauer Fouss gefaasst a ka sech e Liewen ouni Weekender op der Pist net méi virstellen, och wann dem Lea seng Mamm léiwer hätt, d'Duechter géif Yoga maachen.  www.racing-experience.lu

RTL

De Ralph Schmitt ass net just frou mam Béier, als Béiersommelier kennt e sech och richteg aus a braut säin eegene Béier 'De Bettener'. No der Hotelschoul huet et hien zesummen mat senger haiteger Fra fir 5 Joer op München gezunn, wou hien am "Augustiner Stammhaus" als Gérant geschafft huet. Duerch Zoufall ass hien op en Artikel vum fréieren Béiersommelierweltmeeschter gestouss an elo ass hie selwer en diploméierten Béiersommelier dee sech auskennt mat Béiersensorik, Béierkultur a Béierstil. Hie weess, wéi een de Béier drénkt a wéi ee bei wéi e Plat passt, donieft organiséiert de Ralph op Wonsch Béierdegustatiounen fir Gruppen vu 5 Leit un.  biersommelier.ralph@outlook.com

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.