De Samschdeg an de Sonndeg war et nees esou wäit: An der Coque stoung nees alles am Zeeche vum Sport fir de gudden Zweck.

Ganzer 13.143 Participanten hu sech fir d'Aktioun ageschriwwen. An der Coque waren eng 260 Ekippe vertrueden, déi als Grupp gestaffelt 24 Stonne laang gelaf oder getrëppelt sinn. Awer och ausserhalb vun der Coque konnten d'Gruppe matmaachen, esou laang si iwwert déi 24 Stonnen a Beweegung bloufen. D'Aktioun kënnt der Fondation Cancer zegutt, déi zanter 1994 am Beräich vum Kampf géint de Kriibs aktiv ass an och Recherche an deem Domaine finanzéiert.