Wéi eng Sprooch huet de gréisste Sexappeal?

© Pixabay
Unhand vun engem klengen Experiment wollte Linguiste mat Hëllef vun enger App erausfannen, wéi eng déi attraktiivst Sprooch ass.
Wéi unzéiend een e Mënsch fënnt, decidéiert sech bannent Sekonnen. Nieft dem Ausgesi spillt och d'Stëmm heibäi eng Roll... Ma net just déi. De Linguisten no ass et net just d'Stëmm, déi den Ënnerscheed ka maachen, mä och d'Sprooch, déi ee schwätzt.
Fir elo ze moossen, wéi eng Sprooch déi romanteschst ass, hunn d'Linguiste bei zéng Testpersounen, Männer a Fraen, d'Häerzschléi observéiert. Si kruten allkéiers e Sproch, besser gesot eng "Pick up line", vun engem männlechen a weibleche Mammesproochler virgespillt. Wat d'Häerz vum Kandidat méi séier geschloen huet, wat de Linguisten no d'Sprooch méi sexy war.
Als Erklärung ginn d'Experte vun der Sprooch, datt d'Häerz méi séier schléit, wann een eng Persoun attraktiv fënnt an/oder ee Loscht empfënnt.
Net onerwaart oder vläicht och, well se an der Etüd wuel keng lëtzebuergesch Mammesproochler haten, taucht eis Nationalsprooch net an der Top 10 op. Fir vill Leit awer manner onerwaart, ass d'Sprooch vum "amore" ganz uewe bei den Häerzer vun den 10 Testkandidate gelant: Italieenesch huet bei dëser klenger Etüd d'Nues vir. Dohannert koum dann d'Portugisesch mam "amor" an d'Franséischt mat "amour".
Wann Dir hei wëllt eng Tendenz erkennen, hutt Dir wuel net onrecht, well an der Top 3 si just romanesch Sproochen. Wien awer elo nach op weider Sproochen aus där Kategorie tippt, wéi Spuenesch oder Rumänesch, dee musse mer enttäuschen. Op d'Plaz véier kënnt mam Russeschen eng slawesch Sprooch an d'Plaz 5 geet un d'Griichescht, wat als indogermanesch Sprooch klasséiert ass.
Eis däitsch Nopere landen dann op der 11. Plaz mat hirem Langage, knapp virun den Hollänner op der 13. Genau wéi d'Lëtzebuergescht huet och d'Englescht et net an dës Lëscht gepackt.
Hei d'Top 10, mat den Häerzschléi pro Minutt, déi d'"Pick up line" an der Moyenne ausgeléist huet.
- Italieenesch( 79,7 bpm)
- Portugisesch (77,8 bpm)
- Franséisch (77,4 bpm)
- Russesch (77,2 bpm)
- Griichesch (77,1 bpm)
- Spuenesch (77,0 bpm)
- Koreanesch (76,2 bpm)
- Polnesch (75,8 bpm)
- Chineesesch (75,7 bpm)
- Hindi (75,3 bpm)
- Däitsch (75,2 bpm)
- Japanesch (75,2 bpm)
- Hollännesch (73,3 bpm)
Bleift nach ze soen, datt de Bols an der Rouphas bei ronn 65 Schléi an der Minutt louch.