D'Kand vum Elon Musk an der Musekerin Grimes huet grad emol ee Joer a krut schonn en neien Numm. "Exa Dark Sideræl" war net speziell genuch.

Net nëmmen, dass et eleng schonn ongewéinlech ass, säi Kand no esou kuerzer Zäit ëmzebenennen, ma deen neien Numm hannerléisst nawell vill "?".

D'On-Off-Koppel - well sou genee weess keen, ob si nach zesumme sinn - hat scho mam Numm vun hirem éischte Kand fir vill Froe gesuergt. Ma nom elo zwee Joer alen "X Æ A-12" koum et da wuel manner iwwerraschend, dass och den Numm vun hirem Meedchen éischter extravagant ausfält.

Op Twitter huet déi 35 Joer al Musekerin Grimes awer verroden, dass d'Exa Dark Sideræl lo anescht heescht. Dësen Numm géing besser bei hire Fils, dee si "X" rifft, passen.

Den Numm "Y" oder, wéi am Engleschen, "Why" ass nach net offiziell. De Moment krut d'Grimes e Refus vun den Autoritéiten. Dat ass sécher just fir d'Mamm iwwerraschend...

A wien elo mengt, den Elon Musk géif hannert dësen ongewéinlechen Nimm stiechen, dee gëtt enttäuscht. Hien huet et der Mamm vun de Kanner iwwerlooss, d'Nimm ze wielen.