Zesumme mam Xavier Bettel, Gauthier Destenay an AsproKaty Perry a Justin Trudeau op Spadséiergang iwwert de Fëschmaart

RTL Lëtzebuerg
Am Virfeld vum grousse Concert virun der Luxexpo en Dënschdeg huet sech de Weltstar et net huele gelooss, fir en Tuer duerch d'Stad Lëtzebuerg ze dréinen.
Katy Perry a Justin Trudeau op Spadséiergang iwwert de Fëschmaart
Am Virfeld vum grousse Concert virun der Luxexpo en Dënschdeg huet sech de Weltstar et net huele gelooss, fir en Tuer duerch d'Stad Lëtzebuerg ze dréinen.

E Méindeg war d'Katy Perry ze gesinn, wéi si Hand an Hand mat hirem Partner, dem fréiere kanadesche Premierminister Justin Trudeau, duerch d'Stad trëppelt, sou wéi hei am Video ze gesinn, iwwert de Fëschmaart.

Mat dobäi ass awer och Lëtzebuerger Prominenz: Begleet gëtt d'Koppel vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, sengem Mann Gauthier Destenay an dem gemeinsamen Hond Aspro. Kuerz drop huet de Xavier Bettel dann och e Selfie gedeelt, mat dobäi och d'DJane Mia Moretti.

En Dënschdeg den Owend wäert d'Katy Perry jo um Kierchbierg optrieden, dat am Kader vun de Luxexpo-Open-Air-Concerten.

Back to Top
CIM LOGO