
Am 'Café des artistes' zielt de Fluchkapitän dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien um Findel grouss ginn ass. Hien verréit wat hien un de Waarmloftballonen schätzt, firwat hien gär op d'Juegd geet, bei wéi engen Oldtimer säin Häerz méi séier schléit a firwat hien 2025 zu Dikrech Weltmeeschter am 'Konter a Matt' gouf. Et geet ëm Pünktlechkeet, ze vill Béier, den Hexemeeschter, déi richteg Sonnebrëller, en ausgefalene Motto, eng droleg Aarbechtsmoral an Ägypten an déi grouss Léift, eng Stewardess. Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.