"Et ass eng immens Freed, esou ee klenge Puppelchen an den Äerm ze halen"

© Archivfoto
D'Gebuert vum Prënz François wier gutt verlaf an och der Mamm géif et gutt goen, dat sot den Ierfgroussherzog Guillaume an engem Video op Instagram.
"Fir eis ass et eng immens Freed, esou ee klenge Puppelche kënnen an den Äerm ze halen"
Et wier ee vun de schéinste Momenter, wou een an enger Famill kann hunn. De Prënz Charel gouf wärend der Pandemie gebuer, elo beim François wier et ganz aneschters gewiescht.
De Grand-Duc Henri wier de Prënz Charel den Dag vun der Gebuert heem siche komm, esou huet hien den Dag bei de Grousseltere verbruet.
"Et war immens léif ze gesinn, wéi de Charel drop reagéiert huet, wou en héieren huet, dass de klenge François gebuer war. E war ganz häerzlech an ass direkt op en duergaangen."