Eng australesch Liewensmëttelfirma stellt elo Bulletten hier vun engem Déier, datt viru ronn 4.000 Joer ausgestuerwen ass.

"Let's eat our way out of extinction" ass de Slogan vun der australescher Liewensmëttelfirma "Vow" fir hiren neiste Produit. Elo kritt ee vun hinnen nämlech eng Bullett z'iesse vum Mammut, en Déier, wat laang ausgestuerwen ass.

Fir d'Fleesch hinzekréien, mécht d'Vow eng Biopsie vun den Zelle vum ausgestuerwenen Déier a kann domadder, eegenen Aussoen no nach bessert a méi nohaltegt Fleesch hierstellen. Fir dës Urzäit-Bullett hätt een dem Co-Grënner vu Vow Tim Noakesmith no eng DNA-Sequenz, déi ee bei Iwwerreschter vu Mammuter fonnt hätt, vu Fuerscher kritt. Déi Parte vun der DNA, déi gefeelt hunn, hätt ee weider mat dem Ierfgutt vum afrikaneschen Elefant gefëllt, esou den Noakesmith weider. Dës modifizéiert Mammut-DNA huet een dann an d'Zelle vun Notzdéiere geschleist, fir datt se do reproduzéiert gëtt.

Aktuell kann een déi ural Bullett awer nach net iessen. "Mir hunn nach net ënnersicht, wéi de mënschleche Kierper op dat 4.000 Joer aalt Protein reagéiert", esou de Co-Grënner vu Vow weider.

Ma dëse System, fir Fleesch hierzestellen, soll net beim Mammut ophalen. Vow wëll an Zukunft d'Fleesch ronn 50 weider ausgestuerwenen oder onkonventionellen Déieren op den Dësch bréngen: Vun Alpakaen a Büffelen, iwwer Krokodiller a Pohunne bis zu verschiddene Fëschzorten.