Et ass net déi éischte Kéier, dass de Charles den Drëtten an Däitschland op Besuch ass.

40 mol war e schonn an eisem Nopeschland a ka souguer d’Sprooch. Ma elo ass hien awer eng éischte Kéier als Kinnek do. Nach dobäi ass et déi éischt Staatsvisitt am Ausland a senger neier Funktioun.

De brittesche Kinnek hautno ze erliewen, dorobber freeë sech vill Frënn vun der Monarchie. Dorënner och d’Brigitte an de Franz Woermann. Si sinn aus Bayern an hoffen de brittesche Monarch ze gesinn, dofir sinn si do:

“Um König Charles einmal zu sehen. Wir kennen ihn zwar als Prinz Charles. Da haben wir ihn schon einige Male gesehen in England getroffen und auch in Deutschland schon einige Male gesehen.” 

Nach bis e Freideg dauert de Staatsbesuch.

No Berlin besicht hien och Brandenburg a soll och virun op Hamburg fueren. Fir dohinner ass et geplangt, den Zuch ze huelen.