Am Live! Planet People geet ëm "Wenn ich dich wiederfinde", d'Feierblumm Asbl an den Télévie-Challenge mat 180 Fräiwëllegen.

4 Millioune Leit oder méi wäerten den Tommy Schlesser e Sonndeg am neie Rosamunde Pilcher-Film ze Gesiicht kréien. "Wenn ich dich wiederfinde" leeft um 20h15 am ZDF-Herzkino, géint den Tatort. Nodeems hie scho mam Florian Silbereisen am 'Traumschiff' virun der Kamera stoung, wäert den Tommy och nees en Donneschdeg 13 Abrëll an engem Episod vun "Die Bergretter" am ZDF ze gesi sinn. Professionell leeft et den Ament net schlecht fir den 33 Joer ale Schauspiller, deem et bestëmmt net Leed deet, dass hien net Jurist ginn ass. An och privat leeft et optimal, well Mëtt Februar gouf hie fir d'Zweet Papp.

RTL

De Christophe Schammel steet un de Spëtzt vun der 'Feierblumm asbl', déi elo schonn 20 Joer Video- a Filmproduktioune maachen. Feierblumm ass e Kollektiv, mam Ziel Jonker am Film ze ënnerstëtzen. Ugesprach si souwuel déi, déi éischt Erfarunge sammelen, sief et als Hobby oder mam Ziel spéider professionell am Film ze schaffen, awer och Filmstudenten, déi grad studéieren oder schonn e Studium ofgeschloss hunn an hier éischt eege Produktioune realiséiere wëllen. "Heemwéi", "Amahaton" oder "Indianopolis" sinn nëmmen e puer vun hire bekanntste Realisatiounen.

RTL

Fir déi 17. Editioun vum Télévie Challenge sinn haut nees 180 Fräiwëlleger op 22 Vëloe verdeelt, a struewele wärend 270 Minutte fir e Maximum vu Sue fir d'Recherche géint de Kriibs zesummenzefueren. 970.000.- € sinn zanter 2005 zesummekomm a mat der Verstäerkung vu ville Promien aus Sport, Kultur a Politik, fueren och dëst Joer nees d'Membere vum Personal an der Direktioun vun RTL a BCE, encouragéiert vun engem DJ, deen hinnen Damp mécht a si zu Héchstleeschtungen dreift.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.