180 Fräiwëlleger op 22 Vëloe hu wärend 270 Minutte gestruewelt, fir e Maximum vu Sue fir d'Recherche géint de Kriibs zesummenzefueren.

970.000 Euro sinn zanter 2005 zesummekomm a mat der Verstäerkung vu ville Promien aus Sport, Kultur a Politik, sinn och dëst Joer fir déi 17. Editioun vum Télévie Challenge nees d'Membere vum Personal an der Direktioun vun RTL a BCE, encouragéiert vun engem DJ, deen hinnen Damp mécht a si zu Héchstleeschtungen dreift, fir déi gutt Saach Spinning gefuer.