Mir ware bei enger Lëtzebuergerin zu Zermatt op Besuch

D'Nora Biver schafft zanter sechs Joer als Eventmanagerin an engem 5 Stären Hotel. Si erzielt vun hirer Aarbecht an den Erausfuerderungen.
1.600 Meter iwwert dem Mier a mat perfekter Aussiicht op de wuel bekanntsten Schwäizer Bierg - dem Matterhorn. Zermatt mat senge ronn 6.000 Awunner zitt pro Joer gären iwwer 2 Milliounen Touristen un, dorënner och eng jett Lëtzebuerger. An obwuel et eng gestanen Wantersportdestinatioun ass, sou hunn och si an de leschte Joren ze kämpfen gehat.
Mir hunn eng jonk Lëtzebuergerin getraff, déi do zanter 6 Joer wunnt a schafft. Als Eventmanagerin an engem 5 Stären Hotel war d‘Nora Biver direkt mat virbäi. An der Schwäiz hätt een awer nach Chance gehat wärend der Pandemie, well d‘Restriktiounen net grad esou streng waren an dofir konnten d‘Schwäizer selwer nach an hirem Land Vakanz maachen an den Hoteller gouf zu kengem Ament d‘Dieren zougespaart. Dofir sinn d‘Zuelen och net katastrophal erofgaangen gewiergt.
2019 war e Rekordjoer, wat d‘Unzuel un Iwwernuechtungen am Duerf ugaangen ass. A wärend de Pandemiejoren - 2020 an 2021 - sinn dës Zuele pro Joer nëmmen ëm knapp 30% zeréckgaangen. Sou wéineg, wéi bal néierens soss an Europa. Ma dëst Joer ass dat zwar wuel net méi de Problem, dofir mécht de Klimawandel et ëmmer méi schwéier, fir dass een op d‘Piste ka fuere goen. Ëmmer méi gräift een dofir op Schnéikanounen zréck, mee op dat déi richteg Léisung ass, gëtt vill hannerfrot. Ëmmerhin verbrauch eng europäesch Schistatioun am Duerchschnëtt bei enger normaler Saison ronn 3 Milliounen Liter Waasser fir Konschtschnéi. Dat ass esou vill, wéi 20.000 gefëllte Buedbidden a mat deem leschte Wanter wäerten et net nëmmen zu Zermatt, ma och am Rescht vun den europäeschen Wantersportdestinatiounen eng jett méi gewiescht sinn. Ouni den Energieverbrauch vun de Kanounen dobäi ze rechnen.