Mat 70 Joer
De Klaus Teuber, Auteur vun de "Siedler-von-Catan-Spiller" ass dout

© ROLAND WEIHRAUCH / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
De Klaus Teuber ass den 1. Abrëll no enger kuerzer, schwéierer Krankheet am Alter vu 70 Joer gestuerwen.
Dat hunn den däitsche Spiller-Verlag "Kosmos" an "d'Catan GmbH" en Dënschdeg matgedeelt.
Dee geléierten Zänn-Techniker war den Auteur vun de "Siedler-von-Catan-Spiller". Déi éischt vu villen Editioune vum Spill war 1995 erauskomm. Antëscht gëtt d'Spill an iwwer 40 Länner gespillt an et ginn esouguer reegelméisseg Weltmeeschterschaften organiséiert.
Am meeschte gelies