92 Joer ale Rupert Murdoch seet 5. Hochzäit kuerzfristeg of

© AFP
De konservative Mediemogul an déi 66 Joer al Ann Lesley Smith hate réischt virun engem Mount annoncéiert, dass si sech bestueden.
Wéi et heescht, goufen d'Hochzäitspläng lo nees kuerzfristeg ofgesot. De Murdoch hätten déi reliéis Usiichte vu senger Auserwielter gestéiert, wéi "Vanity Fair" gemellt hat. Si hu sech op Sourcen aus dem 92 Joer ale Multimillionär sengem Ëmfeld bezunn.
Op St. Patrick's Day hätt hien d'Fro vun de Froe gestallt an d'Hochzäitspläng kuerz drop ëffentlech gemaach. Géintiwwer "New York Post" sot de Murdoch, dass hien d'Ann Lesley Smith bestuede wëll a si "déi zweet Hallschent vun hirem Liewen zesumme verbrénge wäerten". "Ech war immens nervös. Ech hat grouss Angscht virdrun, mech nees ze verléiwen - awer ech wousst, dass dat meng leschte Kéier gëtt. Dat sollt et op alle Fall sinn. Ech si glécklech", hat et do geheescht.
Den ëmstriddenen Entrepreneur hat déi fréier Police-Geeschtlech Ann Lesley Smith am September a senger Wënzerei Moraga a Kalifornien kenne geléiert. D'Hochzäitsfeier sollt am Summer sinn, ee Joer nom Murdoch senger Scheedung vu senger véierter Fra, dem Model Jerry Hall.
Den an Australien gebuerene Rupert Murdoch, zanter 1985 US-Staatsbierger, ass ee vun de mächtegste Medienentrepreneuren op der Welt. Him gehéieren ënner anerem de konservativen Noriichtesender Fox News an d'Zeitung Wall Street Journal an den USA, a Groussbritannien sinn et d'Zeitunge "Sun" an "The Times".