Fir d'Schneekerten ënnert eis un d'Staunen ze kréien an hinne Freed ze maachen, schaffen d'Chocolatiere bei eis am Land zanter Wochen.

Ob hellen, wäissen oder Mëllech-Schockela, gefëllt oder krupseg, all dës Schneekereie fënnt ee pénktlech fir Ouschteren an de Vitrinne vun de Schockela-Butteker ze leien. Och wann Ouschtere fir d'Schockela-Profien all Joer e wichtege Rendez-vous ass, ass et fir d'Schneekerte virun allem e groussen Moment vum Genéissen.

D'Ufuerderunge bei der Schockela-Produktioun hei am Land goufen nom Skandal vum leschte Joer verschäerft. Kuerz virun Ouschteren hat déi italieenesch Societéit Ferrero zu Arel missten hir Dieren zoumaachen, nodeems an der Europäescher Unioun an an England Salmonellen opgedaucht sinn. An deem Sënn gëtt nach méi kontrolléiert an alles retracéiert.

An der EU goufen 2019 bal 3,7 Milliounen Tonne Schockela produzéiert. Fir vill Chocolatieren ass Ouschteren deemno hir Haaptsaison, wou de meeschten Ëmsaz gemaach gëtt. Ouschteren ass e Fest, wou vill Kreativitéit an Innovatioun gefuerdert ass, fir sech géint d'Konkurrenz duerchzesetzen. Wärenddeem ëm Chrëschtdag d'Verkafszuelen an d'Luucht gi wéinst Firmecommanden, sinn et Ouschteren éischter Privatleit, déi fir den Ëmsaz suergen. An do ass et bekanntlech nach ëmmer d'Ae, wat matësst.

Ouschteren, e Fest, dat wuel ouni Schockela net esou séiss wär.