800 Meter déif aus dem Buedem kënnt d'Thermalwaasser, dat an de Schwämme vum neie Wellness- a Sportzenter matten zu Nanzeg genotzt gëtt.

Vu Mëtt Mee u sollen do och Kuere méiglech sinn, ëmmerhi gouf vun der Academie Nationale de Médecine confirméiert, datt d'Thermalwaasser besonnesch bei Rheuma géif hëllefen.

Aktuell ass de Schwammsport-Beräich op, wou een ënnert anerem eng olympesch Piscine an eng grouss Rutschban fënnt. Dat Ganzt op 2.500 Metercarré.

De ganze Komplex vu Nancy Thermal mécht awer eng 20.000 Metercarré aus, dorënner e Wellness-Beräich, wou och déi historesch ronn Schwämm ass. Déi ass komplett renovéiert ginn an dierft vum 15. Abrëll u mat hire Mosaicken a Saile wuel nees vill Leit begeeschteren, souwéi deemools schonn 1913, wéi se opgaangen ass, an dat bis an 30er Joren.

RTL

Fir de Buergermeeschter vu Nanzeg Mathieu Klein ass hir Offer éischter Complementaire zu aneren Domaine-Thermalen an der Ëmgéigend a gesäit sech net als Konkurrenz.

Nancy Thermal ass de gréisste "Complexe aquatique" a Frankräich a läit matten am Zenter vum Nanzeg, nieft dem Park Sainte-Marie an ass och als historescht Denkmal klasséiert. D'Renovéierungsaarbechten hu véier Joer gedauert a sollen an engem gudde Mount da komplett ofgeschloss sinn.