De 27. Mäerz 2023 ass de Prënz François op d’Welt komm. Et war um 10.05 Auer wéi d’Ierfgroussherzogin Stéphanie en zweete Bouf op d’Welt bruecht huet. De Fils vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra war 53 Zentimeter grouss an hat 3,5 Kilogramm. Säi ganzen Numm ass François Henri Luis Marie Guillaume.
Hien steet hannert sengem Papp a sengem Bridderchen op der drëtter Plaz an der Trounfolleg.
Ronn 2 Méint no der Gebuert war e Samschdeg d’Kanddaf. D’Zeremonie war an der Kierch zu Fëschbech, do wou déi ierfgroussherzoglech Koppel hire Wunnsëtz huet. Fir 15.40 Auer gouf déi groussherzoglech Famill vum Kardinol Jean-Claude Hollerich virun der Kierch empfaangen. D’Daf-Zeremonie war um 16 Auer.
D’Mass gouf zelebréiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, assistéiert vum Weibëschof Leo Wagener, dem fréieren Äerzbëschof Fernand Frank an dem Revérend Père Dom Michel Jorrot.
D’Prinzessin Alexandra ass d’Dafgiedel vum Prënz François.
Pätter ass de Comte Christian de Lannoy, de Brudder vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie de Lannoy.
Vun der groussherzoglecher Famill waren nieft den Elteren an der groussherzoglecher Koppel, de Prënz Félix a seng Fra d’Prinzessin Claire an hir 2 Kanner (d’Prinzessin Amalia an de Prënz Liam) present, wéi och de Prënz Louis mat sengen zwee Bouwen (d’Prënze Gabriel an Noah) an d’Prinzessin Alexandra mat hirem Mann Nicolas Bagory.
Ageluede waren awer och vun der Ierfgroussherzogin hirer Säit:
RTL-Artikel: Prënz François: Éischt Fotoe vun der ierfgroussherzoglecher Koppel hirem zweete Kand
RTL-Artikel: Fotoen: De Prënz François dierf Heem