
Wéi bei all neigebuerene Puppelchen, hat och de Prënz François säin éischte Fotoshooting nach an der der Maternité Grande-Duchesse Charlotte. D’selwecht also wéi scho bei sengem grousse Brudder, dem Prënz Charles.
En Donneschdeg de Mëtteg huet de Prënz François dierfe mat sengen Elteren a sengem Brudder Heem. RTL war mat der Kamera beim éischten Optrëtt vum zweete Kand vun der Ierfgroussherzoglecher Koppel dobäi.

Den Ierfgroussherzog Guillaume op Instagram: “Et ass eng immens Freed, esou ee klenge Puppelchen an den Äerm ze halen”
Gebuert vum Prënz François: 21 Kanouneschëss an Interview mam Pierre Dillenburg