E Stopp fir e Mupp ass e Projet, deen zu Lëtzebuerg scho méi laang bekannt ass. Ma elo sollen nieft Plastik- och Stëpp aus Kork gesammelt ginn.

D'Arlette Hoffmann schafft am Préizerdaul op der Gemeng, mee domat net genuch. Niewebäi sicht si sech ëmmer rëm Challenge, fir sozial Projeten ze ënnerstëtzen. Dëst Joer huet si sech rëm eppes Spezielles afale gelooss: Si huet e Concours organiséiert, deen iwwert de ganze Kanton Réide geet.

16/09/2025 E Stopp fir e Mupp Deel 1 10h20

Déi néng Gemenge sollen zesumme mat hire Schoulen a Maison Relaisen sou vill wéi méiglech Korkstëpp sammelen. Déi Gemeng mat de meeschte Korkstëpp gewënnt de Concours an domat och e Pokal. Mee wisou genee Korkstëpp?

"E Stopp fir e Mupp"

D’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn (ASA) ass zënter Joren den zentrale Partner, wann et ëm d’Ausbildung vun Assistenzhënn geet. Zënter 2011 leeft d’Aktioun "E Stopp fir e Mupp". Ufanks goufe Plastiksstëpp vu Fläsche gesammelt, fir Sue fir d’Formatioun vun den Hënn zesummenzekréien. Si hunn nämlech en Ofkommes mat Hein Déchets. Pro Tonn Stëpp kritt d’ASA 300 Euro vun de Recyclingszenteren.

RTL

Am Ufank ass vill gesammelt ginn, mee mat der Zäit ass et ëmmer méi schwéier ginn, genuch Plastik zesummenzekréien.

"Éischtens sinn d'Plastikstëpp méi liicht ginn, et gëtt net méi sou vill Plastik verschafft gëtt. A priori ass dat jo gutt, well mir grondsätzlech de Recyclage ënnerstëtze wëllen, mee fir d'ASA ass dat net esou gutt, well ee vill méi Stëpp brauch fir op eng Tonn ze kommen. Zweetens ass et mam neie System vill méi schwéier ginn d'Stëpp vun de Fläsche lass ze kréien an domat ass de Reflex de Stopp erof ze huelen net méi sou do", erkläert d'Aline Kuffer vun der ASA.

Dofir ginn zënter dësem Joer och Korkstëpp gesammelt. Dës hu méi Gewiicht, si méi séier gesammelt an d'ASA kritt och hei pro Tonn 300 Euro. De Kork gëtt da recycléiert an an Däitschland rëm verwäert.

Mee och bei de Korkstëpp bleift et en Challenge, et ginn nämlech bal 10 Millioune Stéck gebraucht fir d'Ausbildung vun engem Assistenzhond ze finanzéieren. Dës kascht nämlech ronn 17.000 Euro pro Hond.

16/09/2025 E Stopp fir e Mupp Deel 1 10h20

D'Assistenzhond vun der ASA ginn a Frankräich ausgebilt. Si schaffe vill mat Handi'Chiens zesummen. Aacht Woche bleiwe si bei der Mamm, "da si se 12 bis 18 Méint an enger Famille d'accueil, wou se alles léieren, déi Basic-Kommandoen an iwwerall matgeholl ginn, dat se näischt fäerten, an da sinn et sechs Méint renge 'Centre de formation', wou se an d' Schoul gi vu moies bis owes an dann owes mat iergendengem heem ginn an do gëtt dann hir Spezialisatioun gesicht", sou d'Aline Kuffer, wat virun 3 Joer hiren Assistenzhond Replay krut.

Villfälteg Hëllef op véier Patten

Assistenzhënn ginn hautdesdaags a ganz ënnerschiddleche Beräicher agesat. Déi bekanntst sinn déi, déi Mënschen am Rollstull am Alldag ënnerstëtzen. Si rafen Objeten op, maachen Dieren op oder hëllefe beim Un- an Ausdoen. Aner Hënn sinn als medezinesch Warnhënn spezialiséiert, zum Beispill bei Epilepsie: Si erkennen d’Krisen dacks Minutten, éier se ausbriechen, a kënne souguer Alarm ausléisen.

Eng ëmmer méi grouss Roll spillen och emotional Support-Hënn fir Mënsche mat psychesche Krankheete wéi Angschtstéierungen oder Depressiounen. A ville Fäll ginn d’Hënn och professionell am soziale Beräich agesat, beispillsweis a Schoulen oder Betreiungsstrukturen, wou si Kanner an Erwuessener berouegen, Vertrauen opbauen a beim Léieren oder anere Problemer ënnerstëtzen, esou och de Replay an d'Aline, déi déi lescht dräi Joer vill mat Kanner geschafft hunn an den Erfolleg selwer kënne mat erliewen.

A genee well d'Arlette Hoffmann duerch d'Aarbecht vun hirem Meedchen esou vill materlieft, wat esou Assistenzhonn ausmaachen, huet si entscheet d'ASA weider ze ënnerstëtzen. De Concours, dee si tëscht den néng Gemenge vum Kanton Réiden organiséiert huet, ass just den Ufank. Si hofft, dass och aner Gemengen a Privatleit mat sammelen an esou ouni groussen Opwand d'Finanzéierung vun Assistenzhënn ënnerstëtzt. Esou huet och d'Gemeng vu Feelen schonn zougesot an dem Kader Stëpp ze sammelen an ëmmer rëm melle sech Privatleit, déi fläisseg gesammelt hunn.

E klenge Geste mat groussem Effet

D'Arlette Hoffmann wollt awer och onbedéngt d'Schoule mat abannen: "Ech fannen et ëmmer flott, wann d'Schoulen esou Projete mat de Kanner zesumme maachen an Organisatiounen ënnerstëtzen. Esou kann een och de Kanner méi no bréngen, dass et och Kanner an aner Mënsche ginn, déi net esou vill Chance hunn an op Hëllef ugewise sinn egal op elo mat den Assistenzhënn oder aner gutt Zwecker."

Fir d'Rentrée geet déi engagéiert Fra an all de Schoule vum Kanton laanscht fir de Concours ze presentéieren an ze erklären, wat mat dëse Stëpp geschitt a wou déi Suen agesat ginn. "De Pokal ass just eng zousätzlech Motivatioun, fir dass se um Ball bleiwen."

Egal op Kanton Réiden oder en aneren Eck vum Land, jidderee ka sammelen an hëllefen, sou d'Arlette Hoffmann. Et kann een d'Korkstëpp op ganz ville Plazen am Land ofginn. Dat an all de Recyclingszenteren, mee wéi erkläert och an de Schoulen an op de Gemengen am Kanton Réiden.

Mee och d'Plastikstëpp ginn ëmmer nach gäre geholl. Et soll ee Plastik a Kork just trennen, well dës ënnerschiddlech recycléiert ginn. Och hei ginn et eng ganz Partie Drop-off- Plazen.