Bal 700 Déiere bei Razzia a Brasilien gerett

© Photo by EZEQUIEL BECERRA / AFP
D'Police a Brasilien huet bei enger gréisserer Aktioun géint den illegalen Handel mat wëllen Déiere bal 700 Déiere gerett.
D'Police a Brasilien huet bei der bis elo gréisster Aktioun géint Déieren-Händler am Land en Dënschdeg 45 Persoune festgeholl an Honnerten exotesch Déiere gerett. Ënnert anerem Villercher, Deckelsmouken, Afen a Schlaange waren ënnert de bal 700 Déieren, déi mëttlerweil an eng zentral Ariichtung bruecht goufen, fir do versuergt ze ginn.
Méi wéi 1.000 Beamten hunn un der Aktioun zu Rio de Janeiro an a weidere Bundesstaaten deelgeholl. D'Police huet vun der "gréisster Operatioun fir de Kampf géint den Handel mat wëllen Déieren, Waffen a Munitioun an der Geschicht vu Brasilien" geschwat.
Der Razzia war eng laang Ermëttlung virausgaangen. Déi responsabel Bande waren zënter Joerzéngten aktiv, dobäi goufen Déieren en Masse gejot an zum Verkaf a Stied transportéiert.
Den Handel mat wëllen Déieren ass a Brasilien e grousse Problem. No Schätzunge vun enger brasilianescher ONG ginn all Joer 38 Milliounen Déieren aus hirem natierleche Liewensraum entféiert. Eng geschaten 90 Prozent vun deenen Déiere stierwen dobäi schonn, ier se hir Destinatioun erreechen.