16. Däitsch-Lëtzebuerger Wäinhappening

Meechtem / © RTL-Archiv
Dëse Weekend um Programm zu Meechtem an zu Nëttel: Konscht, Party, gudde Kascht, Wäischmaachen a Kiermes. An dat Ganzt bei exzellentem Wieder!
Dëse Weekend ass et schonn déi 16. Kéier, dass Meechtem zesumme mat Nëttel op hire Wäinhappening invitéieren.
Lass geet et well en Donneschdeg den Owend um 19 Auer an zwar mam Vernissage vun der Konschtausstellung mat de Kënschtler Romain Steffen, Claudine Figuerira, Karine Torlina, Daniil Torlin, Arthurs Pesikas Petersons an Jeanny Pundel.
E Sonndeg ass et dann un der 37. Editioun vum traditionellem Wäischmaachen. An hei ass de Programm, wéi all Joer, nees gutt gefëllt. De Serge Goergen, President vun der Meechtemer Veräinsentente:
"E Sonndeg geet dat um 10.15 Auer u mat enger feierlecher Mass, wou eng Wäiseenung dran ass, do gëtt de Wäi geseent. No der Mass ass dann e Concert Apéritif, gespillt vun de Leidelenger Musikussen."
Dono geet et dann un den Dësch an do huet een d'Auswiel tëscht direkt e puer Menüen:
"Dat ass waarm Ham, Hunn am Riesling oder Paschtéit mat Schleeken. Et gëtt natierlech och e gudde gebake Muselfësch an alles vum Grill.''
Säi Menü muss een allerdéngs well am Virfeld per Telefon um 750276 reservéieren.
Am Mëttelpunkt vun dësem Wäinhappening steet awer natierlech d'Wäischmaachen. Hei keeft een an der Entrée e Proufglas fir 10 Euro an da kann ee gratis iwwer 40 verschidde Wäiner schmaachen.
"Dat geet vun Auxerrois iwwer Pinot blanc, Pinot gris, Riesling, Gewürztraminer. Do sinn och Roséen dobäi. Ech ziele se elo net alle 40 op, mee et ass derwäert ze kommen, fir déi all ze schmaachen."
A fir deen, deen nom traditionelle Wäischmaachen nach net genuch huet, dee ka vun der gratis Schëffspassage op Nëttel profitéieren an do op der St Rochus Weinkirmes nach e Patt drénken oder awer senger besserer Hallschent eng Rous an der Schéissbud ergatteren.
Rendez-vous deemno dëse Sonndeg zu Meechtem an zu Nëttel um 16. Wäinhappening.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"
Den Tipp vun en Dënschdeg:Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"
Den Tipp vun e Mëttwoch:1. Editioun vum KOLLA X MERSCH