Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"

© Alfonso Salgueiro
De regionalen Tourismusverband Guttland organiséiert e Samschdeg den 2. September eng Visitt vum 375 ha groussen Naturreservat "Schlammwiss" zu Iwwersiren.
Dat gréisst zesummenhänkend Lëtschegebitt, dat et hei am Land gëtt.
Bei engem Spadséiergang duerch dat Reservat heescht et d'Aen opzehalen, fir d'Villercher an hiren eenzegaartege Liewensraum ze entdecken. Dono geet et dann och nach an d'Vulleberéngungsstatioun, wou een alles iwwert déi wëssenschaftlech Aarbecht vun der Vulleberéngung gewuer gëtt. D'Nadine Schanck vum regionalen Tourismusverband Guttland:
"Et gesäit ee wierklech hautno wéi d'Vulle liewen, wéi se ronderëm fléien a mat Chance gesäit een och e bëssi méi rar Exemplaren, déi een am normale vläicht net wouerhëlt oder och net gesäit. Do stinn eng Rëtsch Leit zur Verfügung, déi dat mat immens grousser Passioun maachen an déi och dat néidegt Wëssen hunn, fir de Leit do Ried an Äntwert ze stoen an d'Leit ze encadréieren."
D'Beréngungsstatioun, déi eng wichteg Roll fir d'Recherche spillt, mécht hei e Monitoring vun der Migratioun vun de Vullen.
Fir dës flott Visitt an der Natur, déi sech u Grouss a Kleng riicht, sollt een dem Wieder ugepasste Kleeder souwéi anstänneg Schong undinn.
Lass geet et, wéi gesot, e Samschdeg 2. September um 9 Auer an d'Visitt dauert 2 an eng hallef Stonn. Umelle kënnt Dir Iech, sou laang nach Plaz ass.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass