"Nature’s Luxembourg" ass eng Expo mat ronn 250 Fotoen, déi Iech mat op eng Rees duerch eis Naturparken hei am Land huelen.

A genee déi Biller kann ee sech zanter e Samschdeg zu Veianen am Schlass ukucken.

Summer-Agenda: Fotoexpo Nature’s Luxembourg

D'Fotoe vun dëser Wanderausstellung sinn all vum Raymond Clement, engem Lëtzebuergesche Naturfotograf mat internationalem Ruff. Iwwert seng kënschtleresch Oder deelt hien hei mam Visiteur eenzegaarteg Momenter, déi ee sech net entgoe loosse sollt. Wat een hei méi genee erwaart, weess de Christian Kayser, Direkter vum Naturpark Our:

"Et erwaart ee wonnerschéin Opnamen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall, aus dem Naturpark Öewersauer an aus dem Naturpark Our an dat iwwert déi lescht Joren, déi de Raymond soit mam Ballon, soit ze Fouss, wéi och ëmmer, gemaach huet an deenen 3 wonnerschéine Regiounen."

Een Deel vun den exposéierte Fotoe, Panoramabiller vun 3×1 Meter, sinn dann och d'Resultat vun enger Laangzäitbeobachtung, déi souwuel déi verschidde Joreszäite wéi och déi onberechenbar Laun vun der Natur zréckginn.

D'Ausstellung war déi leschte Kéier bei der Spuerkeess an der Galerie am Tunnel ze gesinn, dat war 2017-2018.

"Do virdru war se am Comité des régions zu Bréissel. Si war eng Kéier zu Neimünster, si war eng Kéier an der Maison du Grand-Duc zu Bréissel, si war op der Fotokina, si war zu Gelsenkirchen a sou weider. Ma am Prinzip ass dat heiten elo déi éischt Kéier zanter laangem, dass dat Gesamtwierk eng Kéier an engem flotte Kader rëm ze gesinn ass."

An dat kënnt Dir nach bis den 19. November, wéi gesot, am Veianer Schlass maachen. D'Detailer fannt Dir um Site vun Nature's Luxembourg.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: 2. Hallschent vum Festival "Congé Annulés"

Den Tipp vun en Dënschdeg:Visitt vum Waasserreservoir "Rebierg"

Den Tipp vun e Mëttwoch:1. Editioun vum KOLLA X MERSCH

Den Tipp vun en Donneschdeg:16. Däitsch-Lëtzebuerger Wäinhappening

Den Tipp vun e Freideg:1. Open Air Meechtem

Den Tipp vun e Samschdeg: Kaumahan Festival zu Hitten

Den Tipp vun e Sonndeg:Guidéiert Wanderung Esch-Sauer a Visitt vun der Duchfabrick