Dat traditionell Schnuddelhong op Chrëschtdeeg huet sech och hei am Land als feste Menü etabléiert. Vill ze dacks bleift dovun awer nach eng jett iwwreg.

Chrëschtdag-Sandwich

Fir zwee grouss Sandwichen.  Fir d'Fëllung:

150g Dinde- oder Pouletsreschter
60g Mayonnaise
60g Griichesche Jughurt
1 ½ Téiläffel Currypolver
20g Koriander, gehackt
e bësse Limettejus
Salz

4 gereechert Specksträifen
6 Scheiwe Sandwichbrout
2 Scheiwe Raclettekéis
4 Iessläffel Airellen
eng Handvoll Zaloteblieder
eng Handvoll Koriander
60g gekachte Brockelcher, gehackt
eng Handvoll Chips (Salz oder Paprika)

D'Dinde a kleng Stécker hacken. An enger Schossel, d'Dinde, Mayonnaise, griichesche Jughurt, Currypolver a Koriander vermëschen a mat Limettejus a Salz ofschmaachen.

D'Specksträife jeeweils an der Mëtt duerchschneiden an an enger Pan ubroden, bis se schéi brong sinn. Op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpsen loossen an op d’Säit stellen.

D'Sandwichbrout toasten. Eng Scheif Raclettekéis an enger Pan schmëlzen, dann eng getoaste Sandwichscheif dropleeën an esoulaang weiderbroden, bis se drop peche bleift. Mat dem zweete Stéck Kéis widderhuelen.

Een Iessläffel Airellen op eng Sandwichscheif schmieren (ouni Kéis). Mat engem Iessläffel Dinde an e bësse vun de gehackte Brockelcher beleeën. Zwou Specksträifen dropleeën, dann e bëssen Zalot an e bësse Koriander drop verdeelen a mat e puer Chipse bedecken. Nach een Iessläffel Airellen op eng zweet Sandwichscheif (ouni Kéis) schmieren, da rëm Dinde, Brockelcher, 2 Speckscheiwen, Zalot, Koriander a puer Chipsen dropginn. D'Broutscheiw mam Raclettekéis ënnendrënner mat e bëssi Dinde besträichen an um Schluss op de Sandwich leeën.

De Sandwich zesummendrécken, zwee Zännstëppler drastiechen an diagonal an der Mëtt duerchschneiden, dann zerwéieren. Mam Rescht en zweete Sandwich maachen.

Mat e bëssen Zalot zerwéieren.