Fro den AffekotPhishing-Affer: Wéini muss d'Bank d'Suen zeréckbezuelen?

Bob Konsbruck
Gutt Nouvelle fir Affer vu Phishing: Bei enger net autoriséierter Banktransaktioun muss d'Bank déi verschwonne Suen am Prinzip bannent engem Schaffdag zeréckbezuelen. Dat erkläert de Maître Jean-Jacques Schonckert am RTL-Interview.
© RTL Grafik

Dobäi mécht et am Ufank emol keen Ënnerscheed, ob de Client eventuell selwer e Feeler gemaach an zum Beispill Bankinformatiounen oder e Code weiderginn huet. D'Bank muss d'Suen zeréckbezuelen a kann duerno géint de Client virgoen, wa si him e relevante Feeler noweise kann.

Et gëtt awer eng wichteg Ausnam: Wann de Client d'Iwwerweisung selwer autoriséiert huet, ass d'Situatioun eng aner. Dat ass zum Beispill dacks beim Enkel- oder Presidententrick de Fall. Wien do selwer eng Iwwerweisung mécht, huet keen automateschen Usproch op e Remboursement duerch d'Bank.

Wien eng verdächteg Transaktioun op sengem Kont entdeckt, soll sech esou séier wéi méiglech bei senger Bank mellen. An Zäiten, an deenen och Stëmmen an Identitéiten ëmmer méi iwwerzeegend kënne gefälscht ginn, ass dem Maître säi Rot kloer: sech gutt informéieren, näischt iwwerstierzen a virun allem vigilant bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO