
D'Joer 2027 fänkt fir Salariéë schonn emol gutt un. Neijoerschdag fält op e Freideg, soudatt et direkt zum Joresufank e verlängerte Weekend gëtt, ouni datt een dofir en zousätzleche Congésdag brauch.
Déi nächst interessant Geleeënheet gëtt et ronderëm Ouschteren. Ouschterméindeg ass den 29. Mäerz. Wien déi véier Deeg vun Dënschdes bis Freides Congé hëlt, kënnt zesumme mat deenen zwee Weekender op néng fräi Deeg um Stéck.
Ee vun de klassesche Bréckendeeg gëtt et dann am Mee. Christi Himmelfaart fält de 6. Mee op en Donneschdeg. Mat nëmmen engem Congésdag um Freideg, de 7. Mee, kann een deemno véier Deeg hannertenee fräi maachen.
Am selwechte Mount bitt sech eng weider Geleeënheet fir e verlängerte Weekend: Päischtméindeg ass de 17. Mee. Och méi spéit am Joer gëtt et nach eng Kéier dräi Deeg um Stéck fräi, well Allerhellegen, den 1. November, op e Méindeg fält.
Fir Nationalfeierdag muss een dogéint e bëssen an de Congé investéieren. Den 23. Juni fält 2027 op e Mëttwoch. Wien entweder de Méindeg an Dënschdeg oder den Donneschdeg a Freideg Congé hëlt, kënnt mat zwee Congésdeeg op fënnef fräi Deeg um Stéck.
Ganz optimal ass de Kalenner 2027 awer net. Den 1. Mee fält op e Samschdeg, den Europadag um 9. Mee op e Sonndeg an och Mariä Himmelfaart, de 15. August, ass e Sonndeg.
Um Enn vum Joer gesäit et net vill besser aus: Chrëschtdag fält op e Samschdeg a Stiefesdag op e Sonndeg.
Et lount sech also, de Congé fir 2027 fréi ze plangen. Virun allem ronderëm Ouschteren, Christi Himmelfaart an Nationalfeierdag kann ee mat e puer geziilt agesate Congésdeeg eng méi laang Paus eraushuelen.
Bréckendeeg 2027