Am Live! Planet People huet sech e Freideg den Owend alles ëm Moud a Royals gedréint.

D'Sonia Gleis huet net just op Instagram vill Follower, mee gëtt och nach no 20 Joer am Business fir grouss Campagnë gebucht. Leschte Summer huet d'Sonia fir YSL gedréit a war op der "Paris Couture Week" fir "On aura tout vu". Dës Mark ass 1998 gegrënnt ginn an huet sech um Ufank bekannt gemaach als Createur vu Bijou-Accessoiren op den Defiléë vun Dior, Givenchy, Yves Saint Laurent an John Galliano. D'Lady Gaga ass op si opmierksam ginn, d'Beyonce a Madonna si grouss Fans an 2015 huet d'Sonia Fotoe fir de Label gemaach. Zanterhier ass de Kontakt net méi ofgebrach. Als VIP-Ambassadrice war de Model rezent invitéiert a souz nieft dem Eve Gilles der "Miss France 2024".

De Bertrand Deckers kennt sech aus mat den Adelshaiser a weist dat op der belscher Televisioun an a sengem neie Buch. Zanter dësem Joer gëtt et "Place royale" nees Samschdes um 19.50 Auer op RTL TVI an do hält de belsche Journalist d'Spectateuren net just iwwer de belschen Haff um Lafenden. Scho vu klengem un huet hie sech fir d'Kroun interesséiert. Mat 11 Joer souz hie virum Fernsee wéi d'Lady Diana begruewe gouf a spéitstens vun deem Moment u wollt hie gi wéi de Stephane Bern. De Bertrand schreift fir verschidden Zeitungen, ass reegelméisseg um Radio an als Invité op verschiddenen Tëleevisiounskanäl a säin neistent Buch heescht: "Mon petit dictionnaire de la royauté".

De Joé Garson mécht sech als Designer vu Schong a Jackette grad en Numm, mee seng Kandheet war keng einfach. 1996 koum hien zu Lëtzebuerg op d'Welt. Seng Mamm ass vum Cap vert a säi Papp ass vun hei, mee huet a sengem Liewe keng Roll gespillt. D'Mamm hat et net sou liicht, fir 3 Kanner duerchzebréngen, an hinnen nei Kleeder ze kafen, an dat krut de klenge Joé ze spieren. An der Schoul war dat méi wéi eng Kéier d'Ursaach vun enger Kläpperei an d'Resultat ware Sozialstonnen. Eng dramatesch Nuecht, wou et zu enger Massekläpperei koum an een e Messer gezunn huet, huet säi Liewe verännert. De Joé ass Educateur ginn an huet sech parallel fir Moud interesséiert. déi hie sech als Kand net leeschte konnt.