Hannert dëse klenge Konschtwierker stinn awer Mënschen – mat Passioun, Gedold an eegene Geschichten. Mir hunn zwee vun hinne getraff: de Marc Einsweiler an d’Nathalie Felten.
Zanter 11 Joer mécht de Marc Einsweiler Péckvillercher. Fir hien ass et vill méi wéi nëmmen en Handwierk – et ass eng Missioun. “Ech wëll dës Traditioun um Liewen erhalen”, seet hien. All Joer entwéckelt hien eng nei Iddi. Fir dës Editioun huet hie sech un eng ganz speziell Figur eru getraut: d’Grand-Duchesse. Eng kreativ Interpretatioun, déi weist, wéi Traditioun och modern ka bleiwen.
Péckvillercher ginn traditionell aus Leem gemaach, gebrannt an duerno mat vill Léift bemoolt. Wann een dra bléist, entsteet deen typesche Klang, deen d’Eemaischen esou eenzegaarteg mécht. All Joer ginn op der Eemaischen tëscht 10.000 a 15.000 Péckvillercher verkaf. Fir vill Sammler ass et quasi Pflicht, all Joer en neien derbäi ze huelen. E puer Exemplare ginn esouguer gezielt gesicht – virun allem déi mat enger spezieller Editioun oder enger origineller Iddi.
Am Géigesaz dozou steet d’Nathalie Felten, déi eréischt am zweete Joer Péckvillercher mécht. “Meng Péckvillercher hunn ëmmer en Objet dobäi”, erkläert si. Ob kleng Accessoiren oder verspillt Detailer – hir Villercher falen op. Si ginn dacks als méi “girly” beschriwwen, mat engem waarmen, faarwege Stil, dee sech bewosst vun aneren ënnerscheet.
De Kontrast tëscht deenen zwee kéint net méi grouss sinn. De Marc, mat senger Erfarung vun iwwer engem Joerzéngt, schafft präzis a routinéiert. D’Nathalie, nach nei an der Traditioun, experimentéiert a bréngt frësch Iddien eran. An awer verbënnt si eppes: d’Passioun fir d’Handwierk an de Wonsch, e Stéck Kultur weiderzeginn.