
Eeër si kleng Naturwonner, mee si hunn och hir Launen. Fir datt se sech bei Iech doheem wuel fillen, gehéiere se eigentlech an de Frigo, awer net an d’Dier! Do hu se ze vill Action beim Op- an Zoumaachen. Besser ass eng roueg Plaz an der Mëtt. An am beschte bleiwe se och schéin an hirem Kartong - quasi hirem “Appartement”. Ma wéi laang dierfe se bleiwen? D’Saskia Bissen, Inspecteur-vétérinaire vum Ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture:
“D’Haltbarkeet gëtt u sech definéiert, wann d’Hong d’Ee leet, ab da sinn d’Eeër 28 Deeg haltbar. Dat heescht, de Primärproduzent, de Bauer oder den Eeërpakzenter muss op der Këscht vermierken, dass d’Ee bis deen an deen Datum gutt ass, wat opgrond vum Legedatum gerechent gëtt. Do gëtt dann déi Mindesthaltbarkeet vun 28 Deeg drop gerechent an da komme mer op den Datum, deen op der Këscht steet.”
Vill Leit loossen Eeër gären ausserhalb vum Frigo stoen. Dat ass net onbedéngt geféierlech, mee et verkierzt awer d’Haltbarkeet. Bleiwen d’Eeër am Frigo méi laang frësch?
“Generell hänkt dat e bëssen dovunner of ,wéi de Produzent, oder d’Epicerie se lagert, déi hu se normalerweis am Regal, bei normaler Temperature ambiante, dat heescht, wann dir se dann doheem hutt, kënnt der se virun esou lageren, tëscht 5 a 25 Grad ass dat kee Problem, natierlech wat méi moderéiert Temperature, wat besser. Wichteg ass, dass déi Temperatur konstant ass.”
Dat heescht och, dass wann d’Eeër eemol am Frigo waren, se och do solle bleiwen, well soss d’Kondensatioun, déi op der Surface entsteet, dofir suerge kann, dass Bakterien an d’Ee kommen.
Wann Dir net sécher sidd, ob e réit Ee nach gutt ass, da maacht de Waassertest. Wann et ënnergeet, ass et nach frësch. Wann et uewe schwëmmt, sollt Dir et léiwer net méi iessen.
Eng speziell Fro stellt sech elo ronderëm Ouschteren: wéi ass et mat gekachten Eeër?
“Gekachten Eeër si veraarbecht, do gëtt et e Produzent dertëscht, deen d’Transformatioun vum Ee virhëlt an dee schreift dann och deementspriechend op d’Verpackung, wéi laang si garantéieren, dass d’Ee nom Kache gutt ass, mee do gëtt et d’office keng Richtlinn, déi seet: ,esou an esou laang ass d’Ee elo gutt.’.”
Wann d’Eeër awer ugestach oder gefierft ginn, wéi dat dacks fir Ouschtere gemaach gëtt, da kann d’Schutzschicht vun der Schuel beschiedegt ginn. An deem Fall solle se éischter séier giess ginn.