Éischte Japan Day zu LëtzebuergAn der Luxexpo dréint sech dëse Weekend alles ëm Animes, Mangas, Cosplay a Co.

Ryck Thill
Fir d'éischte Kéier gëtt de Japan Day am Grand-Duché organiséiert. D'Evenement leeft iwwer zwee Deeg a bitt op ronn 5.000 Quadratmeter e breede Programm.

D’Evenement leeft iwwer zwee Deeg a bitt op ronn 5.000 Quadratmeter e breede Programm. Am Mëttelpunkt sti souwuel modern Popkultur wéi och traditionell Elementer. Ze gesi sinn ënner anerem Mangas, Animes, Cosplay a Videospiller. Dobäi kommen och klassesch Traditioune wéi Kimonoen, Téi-Zeremonien a Kampfkonscht. De Kontrast tëscht Traditioun a moderner Kultur soll dobäi bewosst ervirgehuewe ginn, soen d’Organisateuren.

E wichtegen Deel vum Event sinn d’Kënschtler. Iwwer 100 Exposante presentéieren hir Aarbechten op deene verschiddene Stänn. Dorënner sinn och e puer Kënschtler aus Lëtzebuerg.

Zousätzlech gëtt et e grousse Beräich mat offizielle Fanartikelen. Am Game Center stinn iwwer 30 Arcade-Automaten. Do kënnen d’Visiteure Klassiker wéi „Ms. Pac-Man“, „Space Invaders“ oder „Donkey Kong“ spillen.

Och déi japanesch Ambassade ass mat engem Stand dobäi a presentéiert d’Kultur vum Land. De Japan Day gouf vun engem klengen Team op d’Bee gestallt an iwwer Joren entwéckelt. Dat éischt Event war zu Arel. Un enger zweeter Editioun zu Lëtzebuerg gëtt scho geplangt. De Japan Day ass nach bis e Sonndeg op.

Back to Top
CIM LOGO