Op Düsseldorfer "BEAUTY"-FoireLëtzebuergerin Henrietta Orosz feiert Victoire bei der "LASH Excellence Trophy"

RTL Lëtzebuerg
An der Kategorie "Individual Style" huet sech beim Wimper-Concours zu Düsseldorf eng Lëtzebuergerin duerchgesat.

Henrietta Orosz ass den Numm vun der Lëtzebuerger Kosmetikerin, déi an hirer Kategorie déi éischt Plaz erreeche konnt. Insgesamt 38 sougenannt Top-Lash-Artists, also Kosmetiker, déi a Wimperverlängerung spezialiséiert sinn, si beim Concours op der Düsseldorfer Kosmetik-Foire “BEAUTY” ugetrueden.

Vun der internationaler Jury goufe Krittäre wéi Struktur, Balance, Technik a kreativ Ëmsetzung bewäert. D’lëtzebuergesch-ungaresch Gewënnerin Henrietta Orosz war scho bei iwwer 100 Concourse selwer als Jurymember am Asaz an huet deemno och vill Erfarung an dës Competitioun matbruecht.

Liest hei de komplette Communiqué zur Competitioun wéi och dem Henrietta Orosz seng Reaktioun op hir Victoire

Back to Top
CIM LOGO