Eng Stonn manner SchlofAn der Nuecht op e Sonndeg gëtt d'Auer geréckelt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg ginn d'Aueren um 2 Auer ëm eng Stonn no vir op 3 Auer gestallt an d'Nuecht domat gekierzt.
© AFP Archivbild

D’Zäitëmstellung de Weekend elo op d’Summerzäit heescht, dass et moies eng Stonn méi laang donkel bleift, dofir ass et owes eng Stonn méi laang hell. Ma bréngt dat wierklech eppes a punkto Energiespueren, wat sinn d’Auswierkungen op d’Gesondheet, gëtt et an Zukunft vläicht nëmmen nach eng Zäit? A wann net: Wéi verhält ee sech eigentlech, wéini d’Auer elo no vir a wéini no hanne gestallt gëtt?

Spuert d’Zäitëmstellung tatsächlech Energie?

D’Zäitëmstellung gouf eigentlech deemools agefouert, fir dass d’Leit manner Stroum an Energie verbrauchen, andeems se d’Dagesliicht méi laang kéinten notzen. Ma ob dat de Fall ass, ass beschtefalls ëmstridden. D’Leit verbrauchen zwar manner Stroum, well et méi laang hell ass. Ma op der anerer Säit sinn der vill, déi dann an de fréie Moiesstonne méi laang hëtzen.

Ass d’Zäitëmstellung schlecht fir d’Gesondheet?

Vill Schlofmedezinner schwätze sech fir e Bäibehale vun der Wanterzäit aus. D’Dagesluucht a besonnesch de bloen Undeel vum Sonneliicht géing eise Biorhythmus beaflossen, quasi also eis bannescht Auer, déi eis seet, wéini mir waakreg sinn a wéini mir schlofe wëllen. Donieft géif en ëmstelle vun der Auer, egal ob elo no hannen oder no vir, eise Biorhythmus duerchernee bréngen, wat dann nees eng Partie negativ Konsequenze mat sech bréngt, wéi zum Beispill Problemer beim An- oder Duerch-Schlofen. Dës kënnen dann dofir suergen, dass ee kuerzfristeg méi midd, manner konzentréiert a méi gereizt ass.

Eng Zäit fir dat ganzt Joer?

Vill Mënschen halen d’Zäitëmstellung deementspriechend fir absolut onnéideg a fuerderen, dass dat soll ophalen. Zanter Jore lafen dës Diskussiounen och schonn um EU-Niveau.

Ugefaangen huet et 2018 mat enger Ëmfro ënnert den EU-Bierger. Vun de 4,6 Millioune Leit, déi un dëser deelgeholl hunn, hu sech 84 Prozent dofir ausgeschwat, d’Zäitëmstellung ofzeschafen. Den deemolegen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet doropshin d’Propos gemaach, d’Zäitëmstellung ofzeschafen an et de Memberstaaten ze iwwerloossen, sech ze eenegen, ob et bei der permanenter Summer- oder der permanenter Wanterzäit soll bleiwen. Och am EU-Parlament huet sech 2019 eng Majoritéit vun den Deputéierten op eng Ofschafung vun der Summerzäit gëeenegt. Doropshi sollt eigentlech 2021 Schluss si mat der Zäitëmstellung, ënnert der Konditioun, dass d’Memberlänner sech gëeenegt kréien. Ma well d’Memberstaate sech am Rot net eens ginn, ass et bis ewell bei der Zäitëmstellung bliwwen.

Duerno geet et laang hin an hir, ma d’Zäitëmstellung bleift weider bestoen. Och, well d’Thema géigeniwwer anerer Sujeten, wéi zum Beispill dem Krich an der Ukrain, u Wichtegkeet verléiert.

Och wann dëst Joer also nach ëmgestallt gëtt, wëll d’EU elo awer neie Wand an d’Diskussioun bréngen. Eng grouss Etüd soll fir nei Diskussiounen ënnert de Memberstaate suergen. D’Resultater sollen Enn Juni virleien.

Wéini gëtt d’Auer no vir respektiv no hanne geréckt?

Dëse Fréijoer gëtt d’Auer also egal wéi nach no vir geréckt, fir am Oktober dann nees eng Stonn no hanne gestallt ze ginn. Ma wéi kann ee sech eigentlech endgülteg verhalen, wéini d’Auer elo no vir a wéini se no hanne geréckt gëtt? Eng Fro, bei där séi hei Ieselsbréck kann hëllefen: “Am Hierscht ginn d’Still vun der Terrass zeréck erageholl. Deemno gëtt d’Auer am Oktober zeréck an am Mäerz no vir gestallt.

Back to Top
CIM LOGO