Zanter e puer Deeg kënnt een an de Medie quasi net laanscht een Thema: eng manipuléiert Foto vun der Prinzessin Kate.

Et sollt déi éischt Foto si vum Kate no enger Operatioun um Bauch virun zwee Méint. Wisou d'Operatioun néideg war, verbonne mat zwou Wochen Openthalt am Spidol, gouf net erkläert. Déi eenzeg Informatioun, déi de Kensington Palace matgedeelt huet, war, dass d'Fra vum Prënz William bis viraussiichtlech Ouschteren net méi bei offiziellen oder aneren ëffentlechen Optrëtter dobäi ass.

Op Mammendag du gouf dat faméist Bild vum Catherine, ëmkreest vun hiren dräi Kanner a geknipst vum William héchstperséinlech, un déi gréissten international Bildagencë geschéckt. Ma d'Bild war scho méi al an net just dat, et gouf retuschéiert.

Wéi dat opgeflunn ass, gouf vun engem Skandal geschwat, Verschwörungstheorië sinn opkomm, et war souguer Thema am US-TV. De Problem: e manipuléiert Bild verstéisst géint d'Richtlinne vu Agencen an e Verstouss géint d'Reegele vum Fotojournalismus.

D'brittesch Prinzessin huet sech ëffentlecht entschëllegt fir hire Fauxpas. Dëst huet d'Situatioun u sech just nach verschlëmmert. Zanterhier gëtt quasi all Bild a Fro gestallt.

Wisou dann net eng aktuell Foto?

Déi Fro stellt sech effektiv. Dass séier eng al Foto verëffentlecht gouf, kënnt wuel dohier, dass vill Royal-Fans net just a Groussbritannien mat der Annonce, dass d'Prinzessin vu Wales muss operéiert ginn, no enger Foto "gegeiert" hunn. Bedenkt een, dass kuerz virdru schonn annoncéiert gouf, dass de Kinnek Charles III. u Kriibs erkrankt ass, ass dat manner verwonnerlech. De Kinnek huet jo och eng institutionell Funktioun a säi Vollek huet deemno d'Recht ze wëssen, wéi et an hirem Land weiderleeft.

Virwëtz an e Recht hunn op eppes, leien deemno ganz no beieneen.

Da kënnt wuel och nach dobäi, dass de perfekten Image vun der brittescher Prinzessin mat dëser Aktioun e klenge Rass kritt huet. Mir erënneren eis un d'Kate als frëschgebake Mamm, déi just e puer Stonnen nom Accouchement top gestylt a mat monterer Minn virun der Klinik stoung, an d'Kameraen ze laachen.

Deen Image gëllt et mat alle Mëttelen ze behalen. Dëst kann ee sécherlech och op de Perfektionismus vun der verstuerwener Queen Elizabeth II. zeréckféieren. Dass e perfekt Kate eng Foto manipuléiert huet, dorop stierze sech net just Anti-Fans, ma virun allem d'Medien.

Nei Gerüchter iwwer weider Fake-Biller

Dat neist Bild vun der brittescher Prënzekoppel ass den Ausléiser fir nei Theorien. D'Bild vum 11. Mäerz vum Prënz William mat senger Fra, dat si an engem Auto weist, soll wuel och manipuléiert sinn. Si waren deen Ament ënnerwee fir an eng Mass a souzen hannen am Gefier.

Ma tatsächlech huet sech an dësem Fall awer de Fotograf Kelvin Bruce zu Wuert gemellt a kloer gestallt, dass hir Biller net verännert goufen. Hien hält schonn zanter Jore privat Momenter vun der Famill fest. Am Gespréich mat der New York Post sot hien, hie wier fir dës Fotoe vun enger Noriichtenagence beoptraagt ginn. Esou Fotoe vu  Paparazzien aus dem Auto eraus, wiere schlecht ze plangen an hien hätt och eréischt méi spéit beim Duerchkucke vun de Fotoe gesinn, dass d'Kate nieft him souz.

Mir erënneren eis: keng ëffentlech Optrëtter bis Ouschteren... Dat erkläert dann och, wisou spekuléiert gouf, dass d'Biller kéinte manipuléiert sinn an d'Silhouette vum Catherine wier wuel nodréiglech dra kopéiert ginn.

De Kelvin Bruce betount, dass déi eenzeg Manipulatioun vun hire Fotoen doraus besteet, dass mol Liichtverhältnisssr ugepasst ginn.