Wéi hu sech d'Jugendherbergen zu Lëtzebuerg verännert?
1933 gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Jugendherberg zu Stengefort opgemaach. Aktuell ginn et 8 oppen Aubergen, déi sech vill verännert an adaptéiert hunn.
945 Better stinn aktuell hei am Land an de Lëtzebuerger Jugendherbergen zur Verfügung. Tëscht 27 a 37 Euro d'Nuecht kascht e Bett an enger Auberge, dat an engem Dortoir, wou een dann, wéi et ëmmer schonn an de Jugendherberge war, e Bett, e Schaf, e Stull an Dësch fënnt. "Mir wäerten och keng Tëlee an Zukunft kréien, keng Minibar", seet de Peter Hengel, deen zënter 2019 den Direkter vun de Jugendherbergen am Grand-Duché ass. "Bei eis geet et éischter drëms, dass d'Leit méi séier Kontakter knëppe kënnen, am Restaurant zesumme sëtzen a schwätze kënnen."
An de leschten 20 Joer sinn déi meeschten Aubergë renovéiert an och vergréissert ginn, dacks och ganz nei Gebaier gebaut ginn. "Jugendherberge wéi et fréier gouf mat 50 Better, déi si fir eis ganz schwéier wirtschaftlech ze bedreiwen. Mir sinn eng asbl, mee mir mussen awer och kucken, dass mer natierlech zum Schluss vum Joer d'Enner zesumme kréien. An do muss eben och eng gewësse Gréisst sinn, fir dass mer dat och kënne wirtschaftlech geréieren dat Ganzt", seet de Gérard Boby, deen am Conseil d'Administration vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen ass.
Nei Projete lafen. D'Auberge zu Huelmes gëtt komplett renovéiert an ass den Ament fir Clienten zou. Zu Veianen entsteet eng nei Auberge am Klouschter nieft der Kierch a wäert mat 120 Better viraussiichtlech d'nächst Joer hir Dieren opmaachen. Eng ganz nei Auberge wäert an den nächste Joren zu Ettelbréck entstoen.
Vun de groussen Dortoire mat gemeinsamen Toiletten an Duschen um Gank huet een awer ëmgerëscht op vill méi kleng Zëmmere mat Sanitären an den Zëmmer. Fréier hunn d'Clienten nach selwer musse Spullen, haut brauch ee just nach den Dësch ofzemaachen a kritt gespullt. Kichen, fir sech selwer ze kachen, sinn aus dësen Hostele komplett verschwonnen.
Fréier ass et emol eng Altersbeschränkung an de Jugendherbergen hei am Land ginn. Nëmme Leit ënnert 26 Joer konnten anchecken. Haut gëtt et dat net méi. Am Joer 2023 huet een 157.000 Iwwernuechtungen enregistréiert, dat vu Leit vun allen Ecker vun der Welt.

© RTL Grafik