Nei Welte kreéieren, Alldagssituatiounen a Miniaturformat opliewe loossen oder sech inspiréieren u bekannte Plazen an déi nobauen.

Op der Brixembourg ass dat alles méiglech. Et ass zu Lëtzebuerg de Rendez-vous fir d’Leit, déi der Faszinatioun Lego verfall sinn.

De Gilbert Franzetti kennt Lego nach aus der Kandheet, virun e puer Joer huet hien awer seng al Leidenschaft erëmentdeckt an engem Lego-Store zu Hamburg: "Fir mech als Informatiker ass et flott, well ech och eppes an der Hand hunn an een et ëmsetze kann, et kann een et och weisen."

Hien ass och de President vum Veräin Afol.lu. Dee gëtt et zanter 12 Joer an ass een agreéierte Veräin vu Lego, bei deem een zesumme baue kann. "Eise Veräin ass zu Mäertert an eemol de Mount setze mir eis zesummen a bauen. Mir hunn och Aktivitéite wéi zum Beispill Workshoppen." De Virdeel ass, dass net jidderee sech de Lego kafe muss, et kritt ee Steng vum Veräin zur Verfügung gestallt. Dat spuert Suen a Plaz. A Plaz brauch een als passionéierte Legobauer ganz vill.

D’Ulrike Gebhardt baut schonn zanter de 50er Joren. Ugangs huet si nach mat de Kanner gebaut, mëttlerweil scho mat den Enkelen. Hir Passioun ass et, bekannt Monumenter nozebauen. "Ich habe schon mal chinesische Tempel gebaut oder das Brandenburger Tor und verschiedene Brücken." Och d’Stad Venedeg oder de Römerberg zu Frankfurt gehéieren zu hirem Repertoire. Si baut ouni Uleedung a wann d’Ulrike Gebhardt ee Wierk bis ausgestallt huet, hëlt si et no der Ausstellung auserneen. Fir, dass si d’Joer drop nees eppes Neies op der Ausstellung weise kann. Dat huet och ee ganz nohaltege Gedanken, si benotzt esou ëmmer nees déi selwecht Steng. "Man kann das immer wieder verwenden."

Op der Brixembourg ware si elo fir déi drëtte Kéier, dëst Joer mat engem Nobau vun der Hamburger Speicherstadt.

D’Brixembourg gëtt et elo scho fir déi 5. Kéier. D’Zil vun der Ausstellung a vum Club ass et, fir de Leit de Lego a Klemmbausteng méi bekannt ze maachen. "Och wann d’Mark natierlech bekannt ass, mee mir wëlle Kanner an och déi Erwuessen nees méi zur Mark hibréngen, dass si domadder spillen a vläicht an Zukunft och domadder kënnen ausstelle bei eis”, erkläert de Alain Silverio vun der Brixembourg asbl.

25 Aussteller hunn och dëst Joer hire Wee op Jonglënster fonnt. Verschiddener si scho laang dobäi, anerer hu réischt viru kuerzem d’Leidenschaft zum Lego rëmfonnt. Vläicht huet och deen een oder anere sech op der Brixembourg zu engem neien Hobby inspiréiere gelooss, wa fir ee Weekend am Centre Culturel zu Jonglënster alles am Zeeche vum Lego steet.