Um Kongress vun de Worldchefs, der Daachorganisatioun vun Kachverbänn weltwäit, ass den Alain Hostert zum Generalsekretär gewielt ginn.

D’Worldchefs ass eng onpolitesch professionell Organisatioun, déi als Missioun huet, déi kulinaresch Standarden an de Kiche ronderëm d’Welt héich ze halen oder ze verbesseren. Si gesi sech als d’Stëmm vun de Millioune Käch weltwäit. Am Oktober 1928 ass Worldchefs op der Sorbonne Universitéit zu Paräis gegrënnt ginn an 1930 war den éischte Kongress vun dëser Associatioun. Haut sinn iwwer 100 Kachverbänn Member. Fir Lëtzebuerg ass de Vatel-Club Lëtzebuerg bei de Worldchefs vertrueden. All 4 Joer organiséiert de Vatel-Club Lëtzebuerg de Culinary World Cup wärend der Expogast, an zitt domadder Käch aus 55 verschiddene Länner op Lëtzebuerg.

Den Alain Hostert ass den éischte Lëtzebuerger, deen an der Direktioun vun de Worldchefs vertrueden ass. Zënter 2018 ass hien awer scho bei Worldchefs aktiv als Direkter vun der Zentraleuropäescher Divisioun. Hien ass och de Vizepresident vum Vatel-Club Lëtzebuerg an huet d’Organisatioun vum Villeroy & Boch Culinary World Cup vun 2010 u geleet. Seng Ausbildung huet den Alain Hostert an der Hotelschoul zu Dikrech gemaach an duerno wärend 10 Joer Erfarung a verschiddene Kichen am In- an Ausland gesammelt. Ënnert anerem huet hien als Chefkach fir déi Groussherzoglech Famill geschafft, war Junior Sous-Chef an engem Ee-Stär-Michelin-Restaurant zu Davos an der Schwäiz a war vun 2005 bis 2007 de Chefkach vum Restaurant Kaempff-Kohler Philharmonie, dee 16 Punkten am Guide Gault & Millau hat. Zënter 2007 ass hien Enseignant an der Hotelschoul an zënter 2020 Attaché vun der Direktioun.

Seng Funktioun als Generalsekretär vun de Worldchefs wäert hien elo 4 Joer laang iwwerhuelen. Och d’Lëtzebuerger Land kéint, wéi et am Communiqué vum Vatel-Club Lëtzebuerg steet, dovunner profitéieren, dass den Alain Hostert elo dës Positioun huet. Hie wier elo den Intermediaire tëscht de Käch weltwäit a Lëtzebuerg an dëst géing d’Dieren opmaache fir d’Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg an anere Länner.

Wéi et am Communiqué steet: "Par le biais de Worldchefs, Alain et son équipe de chefs luxembourgeois ont la possibilité d’étendre l’influence du Luxembourg à travers le monde, que ce soit dans le domaine de la formation culinaire, du partage de savoir-faire ou encore de la mise en valeur des produits locaux. Ce rayonnement international permettra non seulement d’enrichir la scène gastronomique du pays, mais aussi de contribuer à son économie et à ses relations diplomatiques."

Reportagë mam Alain Hostert

2018 hu mir den Alain Hostert bei de Preparatioune fir de Culinary World Cup an d’Expogast an der Luxexpo the Box begleet: RTL - VIDEO: Expogast: Preparatioune lafen op Héichtouren
 
2020 huet den Alain Hostert zesumme mat Schüler aus der Hotelschoul déi kulinaresch Emissioun "Einfach frësch, einfach Fësch" presentéiert: RTL Play -Einfach frësch, Einfach Fësch
 
2024 huet den Alain Hostert en Interview gi wärend dem Kachconcours fir de beschte Lëtzebuerger Hobbykach: RTL Play - Gusto - Episod 4 vum 30. Juni 2024